Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - Days Go By

play_arrow Live
search

/ EU-Asylreform: Schaarf Kritik vun der Tilly Metz

Nom Accord

EU-Asylreform: Schaarf Kritik vun der Tilly Metz

"Mir beweegen eis a Richtung vun enger europäescher Festung." Dat ass d‘Reaktioun vun der grénger Europadeputéiert Tilly Metz op den neien EU-Accord iwwer d’Asylrecht. Dëse gesäit ënnert anerem méi streng Kontrollen op den EU-Baussegrenzen a méi séier Retoure vun ofgewisenen Asyldemandeure vir.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Besonnesch schockéiert weist sech déi gréng EU-Deputéiert doriwwer, datt an Zukunft Kanner vu sechs Joer u sollen inhaftéiert kënne ginn an dozou forcéiert kënne ginn, hir biometresch Donnéeën ofzeginn.

Wann déi nei Lëtzebuerger Regierung dësen Accord ënnerstëtzt, da géif si sech vun där humanitärer Migratiounspolitik vun de leschte Joren distanzéieren, esou d‘Tilly Metz.