arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ETS-Reform: Wiem lauschtert d'EU-Kommissioun no?

EU-EMISSIOUNSHANDELSSYSTEM

|
reading time

4 min

ETS-Reform: Wiem lauschtert d'EU-Kommissioun no?

Déi Europäesch Kommissioun proposéiert haut déi laang erwaarte Reform vum Europäeschen Emissiounshandelssystem. Am Virfeld hu sech d'Parteien am Europaparlament a Positioun bruecht. Verschidde Memberlänner erwaarde sech méi ee labbere System. 

reading time

4 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Europäesch Fändele virun der Kommissioun (Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer)

Zu Bréissel leet d’Europäesch Kommissioun haut eng Propos op den Dësch, op déi scho laang gewaart gëtt, an op déi virun allem d’Industrie gespaant kucken dierft.

Den Europäeschen Emissiounshandel - kuerz ETS - soll reforméiert ginn.

EU-Kommissioun krut den Optrag d'Reform auszeschaffen

Um EU-Sommet am Mäerz war dee grousse Sträit iwwer den europäeschen Emissiounshandelssystem, kuerz ETS, nach ausbliwwen. 

D’Europäesch Kommissioun awer krut de kloren Optrag de System ze iwwerschaffen.

Ursula von der Leyen: ETS ass eng effikass Mesure fir de Klimaschutz

E gouf viru bal 20 Joer ageféiert a spillt eng Schlësselroll am Klimaschutz, esou nach d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Mee. 

"Mir wëssen, datt e funktionéiert. Zënter 2025 sinn d’Emissiounen an de betraffene Secteuren ëm 39 Prozent erofgaangen, den ETS huet méi wéi 260 Milliarden Euro abruecht."

D’Sue kommen doduerch eran, datt sougenannten Emissiounszertifikater un d’Industrie verkaf ginn.

Den Emissiounshandelssystem setzt ee Plaffong fest a forcéiert Entreprisë Quote fir hir Emissiounen anzekafen. De System ass esou konzipéiert, datt d’Quote progressiv am Laf vun der Zäit auslafen, an d’Industrie dann CO2-neutral funktionéiert. 

Aktuell couvréiert den ETS-System ronn 40 Prozent vun den Emissiounen an der EU, méi wéi 10.000 Entreprisë falen dorënner.

Verschiddener profitéiere vu gratis Zertifikater. Op deem Wee soll verhënnert ginn, datt si hir Produktioun aus der EU an aner Länner verleeën.  

ETS-Kritik: Et gëtt ze vill vun der europäescher Industrie verlaangt

En ass ze deier a kascht d’EU an der Konkurrenz mat China oder den USA Aarbechtsplazen, soen d’Kritiker.

Länner wéi Italien oder Pole fuerderen eng Revisioun. Lëtzebuerg gehéiert net zu deenen, déi dat aktiv gefrot hunn, ass awer d’accord doriwwer ze diskutéieren. Och am Europaparlament leeft d’Diskussioun schonn op vollen Touren.

Um rietsen a riets-extreeme Bord géif een den ETS-System als Deel vum Green Deal am léifste ganz lassginn.

“Et ass héich Zäit, ETS opzeginn”, sot d'lescht Woch de Chef vun den Europäesche Konservativen a Reformer, de Patryk Jaki aus Polen.

EVP setzt sech fir ee manner strenge Kurs am ETS an

De Rescht ass sech, vu Chrëschtdemokraten iwwer Liberal Sozialisten a Gréng, eens: ETS ass effikass an eent vun de wichtegsten Instrumenter am europäesche Klimaschutz.

Allerdéngs geet en ze wäit, fënnt zum Beispill d’Europäesch Vollekspartei, där déi Lëtzebuerg d’CSV ugehéiert. 

D’EU huet sech ambitionéiert Ziler ginn, déi ginn och dann nach erreecht, wann ee beim ETS e bëssen zeréckruddert, sot e Mëttwoch den CDU-Europadeputéierte Peter Liese, dee fir d’EVP fir deen Dossier zoustänneg ass. 

"Wir brauchen nicht eine so ambitionéierte Vorgehensweise um die Ziele von 2040 oder 2050 zu erreichen. Wir können diesen Pfad wieder abflachen und das müssen wir auch tun."

Konkreet ass d’EVP dofir d’Quote manner séier auslafen ze loossen. Ënner verschidde Konditioune sollen och nach méi gratis Zertifikater verdeelt ginn.  

Déi Gréng: Industrie verdéngt u gratis Quoten

Ganz dogéint sinn do iwwerdeems déi Gréng. Nach méi gratis Zertifikater verdeele wier falsch, warnt den Europadeputéierte Michael Bloss. 

D’Industrie hätt bis elo souwisou just zéng Prozent vun hire Zertifikater bezuelt an enorm vill Sue mat de fräie Zertifikater verdéngt. 

"Die Unternehmen haben zum Teil mehr mit Emissionszertifikaten verdient als mit dem Stahl, den sie produzéiert haben. Diese Gelder wurden aber nicht eingesetzt, um in die Zukunft zu investéieren, sondern sind in Strandorte in aneren Länder wie China geflossen."

Sozialisten: D’Verhältnis muss stëmmen

D’Positioun vun de Sozialiste läit iergendwou dertëschent.

Aarbechtsplaze retten an trotzdeem d’Klimaziler erreechen, ass hei d’Devise, wéi den Timo Wölken, däitschen SPD-Europadeputéierten, erkläert. 

"Am Ende muss das Verhätlnis noch stimmen. Also Emissionsverringerung bei gleichzeitiger Unterstützung der Industrie. Wichtig ist für uns auch die soziale Komponente, die wir bisher nicht sehen."

All Agrëff kéint de Präis fir Zertifikater erofdrécken, esou awer och seng Angscht. Doduerch kéint dat eigentlecht Zil, also en Ureiz schafe fir iwwerhaapt CO2 anzespueren, verfeelt ginn.

EU-Kommissioun sicht den Equiliber

Wat awer huet d’Kommissioun wëlles? Si wäert proposéieren, esou wäit decke sech déi verschidde Leaken déi zirkuléieren, un ënnerschiddleche Schrauwen ze dréien. An dobäi den Equiliber sichen tëschent weider de Klimaziler gerecht ze ginn an d’Industrie bei der Staang ze halen. 

Gratis Quote kéinten deemno bäibehalen an esouguer eropgesat ginn. Dat wier awer u Konditioune geknäppt. Bei der Reduktioun vun de Quoten insgesamt kéint op d’Brems getrëppelt ginn, andeems ee sech méi laang Zäit dofir gëtt. D’Kommissioun kéint och proposéieren CO2-Zertifikater um internationale Marché ze kafen. 

Egal wéi, hir Propos wäert fir vill Diskussioune suergen. Esouwuel ënner de Memberlänner wéi am Europaparlament.