Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E briteschen Abenteuerer géint déi westlech Sexualmoral

Kultur

E briteschen Abenteuerer géint déi westlech Sexualmoral

Als éischten Europäer hat de Sir Richard Francis Burton um Enn vum 19. Jorhonnert déi legendär Erzielunge vun den Dausend an enger Nuecht integral iwwersat. Mat engem Bonus: eng Hellewull un anthropologeschen Notizzen, dacks vu sexueller Natur. De Jean-Marie Blas de Roblès huet se ënner dem Titel „Le Livre noir des Mille et une nuits“ elo op Franséisch virgeluecht.

auto_stories

2 min

headphones

24 min

Blas de Robles | © Michel Delage play_arrow
Foto: Michel Delage

Lauschterenplay_arrow


Ob an Indien ënner brittescher Kolonialherrschaft, inkognito an der helleger Stad Mekka oder op der Sich no de Quelle vum Nil. Dat sinn nëmmen e puer - wann och wichteg Etappen - an der Karriär vum Sir Richard Francis Burton.
 

Am Géigesaz zu villen aneren Abenteuerer aus senger Zäit war et dem Burton net ëm Eruewerung gaangen. Villméi war hie vun engem éierlechen Interessi fir friem Kulture gedriwwen. Déi ëm déi 70 Sproochen, déi hie soll beherrscht hunn, waren do sécherlech eng Hëllef.


Besonnesch a Bezuch op den Ëmgang mat der Sexualitéit haten d'Europäer vill vun dëse Kulturen ze léieren, sou dem Burton seng Asiicht. Dësen héichintellektuellen Abenteurerer ass doropshi relativ a Vergiessenheet geroden. Vläicht, well hien an der besserer englescher Gesellschaft ze vill ugeeckt hat, seet de Jean-Marie Blas de Roblès.


De franséische Schrëftsteller, dee vu Beruff Archeolog ass, konnt 2008 mat sengem Roman "Là où les tigres sont chez eux" (Editions Zulma) säi literareschen Duerchbroch feieren.
Elo huet de Blas de Roblès e Projet ofgeschloss, deen e joerzéngtelaang beschäftegt huet: d'Sich an d'Iwwersetzung vun den Notizen, déi de Richard Burton en marge vu senger monumentaler Iwwersetzung vun den Dausend an enger Nuecht verfaasst hat. D'Resultat ass "Le Livre noir des Mille et une nuits" (Editions du Cherche Midi).

Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, hu mir eis mam Jean-Marie Blas de Roblès iwwer den Exzentriker Sir Richard Francis Burton ënnerhalen.