Wat ass Kultur wäert, wann ee se reng ekonomesch kuckt? Déi Fro iwwerhaapt ze stellen ass schonn net ganz onëmstridden. Virop, well déi meescht Kënschtlerinnen a Kënschtler sech net als kommerziell Acteure verstinn an dann och, well hir Wierker ganz dacks ouni staatlech Ënnerstëtzung guer net kéinten zustane kommen.
Vläicht ass et dowéinst och net verwonnerlech, datt eng Kulturinstitutioun déi éischt ass, déi sech där Fro stellt, wéi grouss hir wirtschaftlech Valeur ass. Rieds ass vun der Nationalbibliothéik, déi aktuell iwwer e Sondage probéiert erauszefannen, wéi vill si hiren Notzer:inne wäert ass.
"Mir brauche méi ëffentlech Bibliothéiken"
Den Direkter vun der BNL, de Claude Conter, erkläert am 100,7-Interview, datt d’BNL bis elo den Dialog mat hiren Utilisateuren net esou forcéiert hätt, wéi dat eigentlech néideg wier.
“Mir wëlle wëssen, wat solle mir verbesseren op där enger Säit, wat kënnt gutt bei de Leit un, wat erwaarde si vun eis. Dat heescht, an där Etüd, déi mir elo maachen, ass et esou, datt mir ganz villes doriwwer och gewuer ginn."
An engem zweeten Deel wéilt een da wëssen, wat d'Leit ënnerhuele misste fir sech ze informéieren, am Fall wou et d'NL net méi géif ginn.
De Claude Conter ass iwwerzeegt, datt d'BNL méi wäert ass wéi dat, wat dran investéiert gëtt. Dofir erwaart ee sech als eng méiglech Conclusioun och, datt een zu Lëtzebuerg méi Bibliothéike brauch.
“Mir brauche méi ëffentlech Bibliothéiken. Mir brauche méi Spezialbibliothéiken. Mir musse méi an d'Schoulbibliothéiken investéieren. Mir brauchen deelweis méi Investissementer an nei Bibliothéiksgebaier, fir se attraktiv ze maachen, well mir gesinn, wann d'Gebaier attraktiv sinn, da kommen der ganz vill dohinner.”
Dobäi kéim, esou de Claude Conter, datt een an Zukunft och Budget fir aner Beräicher misst virgesinn, wéi zum Beispill Logement a Mobilitéit.
Net alles ass eng Selbstverständlechkeet
D'Kultur dierft net als "Accessoire" gesi ginn, mee wier "ganz zentral", an dofir misst och an dee Beräich investéiert ginn. A wann de Géigendeel an där Etüd erauskomme géif? Wann d’Notzer:innen also net der Meenung wieren, datt méi misst an d'Kultur investéiert ginn? An deem Fall misst an d'Sensibiliséierung investéiert ginn, seet de Claude Conter.
Zu Lëtzebuerg ass villes gratis, wéi zum Beispill den ëffentlechen Transport, gëtt de BNL-Direkter ze bedenken. Och den Accès an d'Bibliothéiken. Dat géif dacks als eng Selbstverständlechkeet ugesi ginn.
“Den Accès dozou muss gratis bleiwen an enger funktionéierender Demokratie. Mee d'Leit musse sech och bewosst sinn, datt et vläicht eppes kascht an datt mir als Staat wëllen investéieren doranner.”
"Out of the box" denken
De Claude Conter betount am 100,7-Interview och, datt vu Säite vun der Politik keen Drock ausgeüübt gëtt. Et gouf och keng Demande vum Kulturministère fir esou eng Etüd duerchzeféieren. D'Idi dozou hätt ee scho virun engem Joer gehat, esou de BNL-Direkter. Dës Zort vun Etüd wier am wirtschaftleche Kontext duerchaus gängeg. Rezent hätt de Findel och esou eng Ëmfro duerchgeféiert.
“An ech fannen, mir sollten net fäerten, d'Kultur an de wirtschaftleche Kontext zesummenzedenken, well et ass net nëmmen Invest. Mir beschäftegen eng ganz Partie Leit. Mir investéiere beispillsweis och an aner Beräicher. Mir ënnerstëtzen de gesamte Buchsecteur, andeems mir d'Bicher bei den Editeuren, awer och bei de Librairien zu Lëtzebuerg kafen.”
Der Nationalbibliothéik géing et dann och Spaass maachen, e bëssen "out of the box denken” esou nach de Claude Conter.
Nach bis e Sonndeg (23.03.) kënnen d'Leit um Site vun der Nationalbibliothéik un dëser Ofstëmmung deelhuelen.