Ob an Indien ënner brittescher Kolonialherrschaft, inkognito an der helleger Stad Mekka oder op der Sich no de Quelle vum Nil. Dat sinn nëmmen e puer - wann och wichteg Etappen - an der Karriär vum Sir Richard Francis Burton.
Am Géigesaz zu villen aneren Abenteuerer aus senger Zäit war et dem Burton net ëm Eruewerung gaangen. Villméi war hie vun engem éierlechen Interessi fir friem Kulture gedriwwen. Déi ëm déi 70 Sproochen, déi hie soll beherrscht hunn, waren do sécherlech eng Hëllef.
Besonnesch a Bezuch op den Ëmgang mat der Sexualitéit haten d'Europäer vill vun dëse Kulturen ze léieren, sou dem Burton seng Asiicht. Dësen héichintellektuellen Abenteurerer ass doropshi relativ a Vergiessenheet geroden. Vläicht, well hien an der besserer englescher Gesellschaft ze vill ugeeckt hat, seet de Jean-Marie Blas de Roblès.
De franséische Schrëftsteller, dee vu Beruff Archeolog ass, konnt 2008 mat sengem Roman "Là où les tigres sont chez eux" (Editions Zulma) säi literareschen Duerchbroch feieren.
Elo huet de Blas de Roblès e Projet ofgeschloss, deen e joerzéngtelaang beschäftegt huet: d'Sich an d'Iwwersetzung vun den Notizen, déi de Richard Burton en marge vu senger monumentaler Iwwersetzung vun den Dausend an enger Nuecht verfaasst hat. D'Resultat ass "Le Livre noir des Mille et une nuits" (Editions du Cherche Midi).
Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, hu mir eis mam Jean-Marie Blas de Roblès iwwer den Exzentriker Sir Richard Francis Burton ënnerhalen.