Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Drock op Israeelesch Regierung klëmmt

Noen Osten

Drock op Israeelesch Regierung klëmmt

D‘UNO Generalversammlung zu New York huet gëschter Owend eng Resolutioun ugeholl an där elo direkt en humanitäre Waffestëllstand an der Gazasträif gefuerdert gëtt. 

auto_stories

1 min

Lëtzebuerg ass ënnert den 153 UNO Memberlänner déi fir d‘Resolutioun gestëmmt hunn. 10 Länner waren dergéint, dorënner Israel an d‘USA. 23 Länner hu sech enthalen, dorënner Däitschland. Déi Resolutioun ass net rechtlech bannend.

Fir d‘éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich huet dann den amerikanesche President Joe Biden déi israeelesch Regierung ëffentlech kritiséiert. Hie sot datt déi, Zitat, „blann Bombardementer“ vun Israel an der Gazasträif derzou féiere géifen, datt d‘Ënnerstëtzung fir Israel weltwäit géif ofhuelen.

D‘Zuel vun zivillen Affer an der Gazasträif wier op bal 19.000 Doudeger geklommen, dorënner 8.000 Kanner, esou en neie Bilan vun de Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn. 

Beim Massaker vun der Hamas, den 8. Oktober, waren 1.200 Mënschen an Israel ëmbruecht ginn an 240 goufen als Geisele geholl. Am Kader vun engem Deal tëscht der Hamas an der israeelescher Regierung ware viru kuerzem 105 Geisele fräi gelooss ginn.