search

/ Dramatesch Chute, wäit Weeër an en neie Rekod: Wat vun de Wanterspiller hänke bleift

Olympesch Spiller

|
headphones

4 min

Dramatesch Chute, wäit Weeër an en neie Rekod: Wat vun de Wanterspiller hänke bleift

D'Olympesch Wanterspiller 2026 zu Cortina d’Ampezzo a Mailand si mat der Ofschlosszeremonie offiziell op en Enn gaangen. Dat Sportlecht stoung natierlech am Mëttelpunkt. Et gëtt awer och nach aner Momenter, déi an Erënnerung bleiwen dierften.

headphones

4 min

Lindsey Vonn, Wladislaw Heraskewytsch, Johannes Klaebo | © EPA
Lindsey Vonn, Wladislaw Heraskewytsch, Johannes Klaebo (Foto: EPA)

Ugefaange mat der Lindsey Vonn. Déi 41 Joer al Schifuererin war mat groussen Ambitioune bei de Wanterspiller un den Depart gaangen a wollt et der Welt nach eng Kéier beweisen, datt si et kéint. Net manner wéi d’Goldmedail am Schi Alpin hat si am Viséier. Dat obwuel si sech just eng Woch virdru beim Schi-Weltcup d’Kräizband gerass hat.

Trotz hefteger Chute fir et fir d'Linsey Vonn "et wäert" gewiescht

Trotzdeem ass si bei den Olympesche Wanterspiller un den Depart gaangen an ass zimmlech hefteg an der Descente gefall. D’Resultat ass e komplexe Broch vum Schinnebeen. Zënter der Chute kéint si nach ëmmer net richteg stoen, esou d’US-Amerikanerin. An an awer wier hirer eegener Ausso no d’Chute “et wäert” gewiescht. Iwwerdeems wéilt si esou séier wéi méiglech nees op de Schi stoen.

Ukrainesche Skeleton-Fuerer wéinst Helm vum IOC disqualifizéiert 

Ee weidere Sportler, dee fir Opmierksamkeet gesuergt huet, ass den ukrainesche Skeleton-Pilot Wladislaw Heraskewytsch. Deen ass am Training scho mat engem besonnesche Casque un den Depart gaangen. Do waren ukrainesch Athleeten an Athletinnen drop ofgebillt, déi duerch de russeschen Ugrëffskrich hiert Liewe verluer hunn.

Dem Internationalen Olympesche Comité (IOC) war deen Helm awer ze politesch. Politesch Messagë vun Athleete géife géint dat olympescht Reegelbuch verstoussen, esou den Tenor vum IOC. Si hunn dem Heraskewytsch doropshi verbueden den Helm unzedinn. Deen huet awer refuséiert mat engem aneren Helm un den Depart ze goen, wouropshin, den IOC hie ganz vun den Olympesche Wanterspiller ausgeschloss huet. 

Russland a Belarus ënner eegenem Fändel bei de paralympesche Wanterspiller

Dat huet ee faden Nogoût, wann ee bedenkt, datt bei de paralympesche Wanterspiller russesch Athleeten an Athletinnen nees ënner hirem Fändel dierfe matmaachen. Zënter dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain war dat eigentlech net méi erlaabt. D’Ukrain an och d’Tschechesch Republik hu schonn annoncéiert dowéinst net un der Erëffnungszeremonie vun de paralympesche Spiller deelzehuelen.

D'Spiller vun de wäite Weeër

Iwwerdeems goufen dës Wanterspiller och dacks als d'Spiller vun de Wäite Weeër bezeechent, dat well d’Competitiounen deelweis wäit ausernee louchen. Bei de Sportler:innen ass dat éischter negativ ukomm.

De Michel Knepper, President vum COSL, deen en Donneschdeg bei eis am Interview war, huet virun allem kritiséiert, datt den olympesche Geescht doduerch e bësse verluer gaangen ass.

"Wann een zu Mailand virum Doum stoung, dann huet ee just e Megastore gesinn, fir do kënne Souveniren ze kafen. Dat war dat eenzegt, wou ee gesinn huet, datt e bësselchen Olympia an der Stad selwer war."

Eng richteg Ambiance war zu Mailand awer net do. 

"Absolut Steril"

Just zu Cortina d’Ampezzo hätt een d’Olympesch Spiller wierklech gelieft, mat beispillsweis engem Olympeschem Duerf an enger anerer Atmosphär, esou nach de President vum COSL.

De Linus Strasser, däitsche Skifuerer, war och enttäuscht vun der Ambiance bei dëse Wanterspiller an huet dat och däitlech ausgedréckt.

"Wenn ich ganz ehrlich zu mir selbst bin und auch zu den Leuten, dann ist das nicht das, was ich mir unter Olympischen Spielen vorstelle. (...) Die Leute, die Fans, sitzen auf einer Tribüne, die ist auf fünf Meter Höhe, die sind gefühlt Luftlinie 20 Meter weg von einem, also es ist absolut steril."

Norwegeschen Athleet stellt neie Rekord op

Wien op sportlechem Niveau een absolut memorabelen Androck hannerlooss huet ass den norwegesche Laangleefer Johannes Klaebo. Deen huet nämlech en neie Rekord bei den Olympesche Wanterspiller opgestallt, andeems hie bei dëser Editioun ganzer sechs Goldmedailen ofgeraumt huet. Dee Rekord bis elo hat den amerikaneschen Äisschnellleefer Eric Heiden mat fënnef gewonnene Goldmedailen. 

Fir Opmierksamkeet am positive Sënn huet och de Schwäizer Schifuerer Franjo van Allmen gesuergt. Dee konnt nämlech direkt an dräi Disziplinne Gold gewannen - am Super G, der Team-Kombi an d’Descente beim Schi Alpin. Besonnesch bemierkenswäert ass dat Ganzt, wann ee weess, datt de Schwäizer eréischt 24 Joer al ass.

Ze ernimmen ass och nach d’Lisa Vittozzi. Déi 31-Joer al Italieenerin huet nämlech als éischt Athleetin Gold fir Italien beim Biathlon kënne gewannen.