search

/ Dräi Doudeger no Schëss a Moschee zu San Diego

USA

|
reading time

1 min

Dräi Doudeger no Schëss a Moschee zu San Diego

Bei enger arméierter Attack op eng Moschee zu San Diego sinn dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm. Déi zwee presüméiert Täter sinn duerno dout an hirem Auto fonnt ginn. Zwee jonk Männer am Alter vu 17 an 19 Joer sollen den Zentrum, zu deem och eng Schoul gehéiert, iwwerfall hunn.

reading time

1 min

Leit um Site vun der Attack op eng Moschee zu San Diego | © EPA/JOHN GASTALDO
Leit um Site vun der Attack op eng Moschee zu San Diego (Foto: EPA/JOHN GASTALDO)

E Sécherheetsmann huet warscheinlech e gréissere Massaker verhënnert.

Iwwer d‘Motiv an de geneeën Oflaf vun der Dot ass nach näischt gewosst. Et soll virun der Attack awer eng Warnung iwwer Telefon gi sinn.