Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Justice - D.A.N.C.E.

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump: Prozess soll verluecht ginn -Zwee Walversprieche suerge fir Onmutt

USA

Donald Trump: Prozess soll verluecht ginn -Zwee Walversprieche suerge fir Onmutt

De fréieren amerikanesche President Donald Trump hätt gären, datt säi Prozess zu New York, deen de 25. Mäerz soll ufänken, verluecht gëtt. Dat bis datt den ieweschte Geriichtshaff iwwer seng Immunitéit decidéiert huet. Et geet ëm Gelder, déi hien enger Porno-Duerstellerin bezuelt huet, fir datt déi net géint hien ausseet.

auto_stories

1 min

Den Trump huet dëst Joer mat véier Enquêten ze dinn a gouf schonn zweemol um Civil verurteelt. Eng fënneft Plainte kéint derbäi kommen. Dem Trump seng Affekote probéiere mam Argument vun der Immunitéit all Affaire vum Dësch ze kréien.

Kapitol a Mexiko: Dem Trump seng Walverspriechen

Sollt den Trump President ginn, géif hien als éischt déi Leit fräiloossen, déi d‘Kapitol gestiermt hunn. Dat huet de fréieren amerikanesche President op Social Media geschriwwen. D‘Geiselen, wéi hien déi Leit reegelméisseg nennt, géifen op fräie Fouss kommen. Direkt duerno géif hien d‘Grenz mat Mexiko zou maachen.