Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dokumenter vun der Steierverwaltung: Geriicht fuerdert Transparenz

Transparenzgesetz

Dokumenter vun der Steierverwaltung: Geriicht fuerdert Transparenz

D’Steierverwaltung muss eng Rei Dokumenter kommunizéieren, déi de radio 100,7 a Reporter.lu virun iwwer zwee Joer ugefrot hat a vun der Verwaltung refuséiert kruten. Zu där Conclusioun kënnt d’Verwaltungsgeriicht an engem Urteel an éischter Instanz.

auto_stories

1 min

Hannergrond sinn Ufroe vu béide Medien am Kader vum Transparenzgesetz, dat den Accès zu Dokumenter vun de Verwaltunge reegelt.

De radio 100,7 hat am August 2021 eng ganz Rei Circulairen an Notes de Service ugefrot, fir nozevollzéie firwat dës all zesummen abrogéiert gi waren. D’Steierverwaltung huet d’Kommunikatioun vun deenen Dokumenter refuséiert. Och nodeems déi fir Recoursen zoustänneg “Commission d’Accès aux documents” sot, d’Dokumenter misste publizéiert ginn, well se d’Steierzueler concernéieren. Wéinst dem Refus vun der Steierverwaltung sech un d’Decisioun vun der CAD ze halen, huet de radio 100,7 ee Recours virum Verwaltungsgeriicht gemaach.

​Refus gëtt dem Prinzip vun der Proportionalitéit net gerecht

D’Geriicht argumentéiert, datt d’Steierverwaltung op hirem Site ëmmer nees Circulairen an Notes de Service publizéiert. Et wier dowéinst net kloer, firwat d’Kommunikatioun vun de gefroten Dokumenter dem interne Funktionnement vun der Verwaltung géif schueden. De Refus vun der Steierverwaltung fir d’Dokumenter ze kommunizéieren, géif deemno dem Prinzip vun der Proportionalitéit net gerecht ginn.

An engem änleche Fall krut och Reporter.lu vum Verwaltungsgeriicht Recht: Den Online-Magazin hat Dokumenter am Kader vun enger Recherche iwwer déi sougenannt “Luxletters”-Affär ugefrot.

D’Steierverwaltung huet a béide Fäll 40 Deeg Zäit fir Recours géint d’Decisioun vum Verwaltungsgeriicht ze maachen.