Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Diego Velazquez: De Christophe Hansen huet schlecht Kaarte fir e Kommissärsposten

Europawalen

Diego Velazquez: De Christophe Hansen huet schlecht Kaarte fir e Kommissärsposten

No den Europawale wäert de Luc Frieden sech mussen iwwerleeën, wat hie vun der Ursula von der Leyen ka froen am Tausch fir de Kommissärsposten, deen eigentlech dem Christophe Hansen an Aussiicht gestallt gi war. Där Iwwerzeegung ass den EU-Korrespondent Diego Velazquez am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

play_arrow

Wann d'Ursula von der Leyen nämlech vun de Memberstaate wéilt als Kommissiounspresidentin erëmgewielt ginn, bräicht si d'Stëmme vu sozialdemokratesch geféierte Regierungen. Well et an der EU net esou vill där Regierunge ginn, wäerten och net vill sozialdemokratesch Kommissären an der nächster EU-Kommissioun sinn. D'Sozialdemokrate kéinten also vun der Ursula von der Leyen de Poste vum Vizepresident vun der EU-Kommissioun froen, an datt wichteg sozialdemokratesch Programmpunkten iwwerholl ginn.

"Dat sinn eis Conditiounen an do wäert d'Ursula von der Leyen net vill Alternativen hunn, wéi dem Luc Frieden mussen unzeruffen an ze soen: 'Hei d'Sozialdemokrate maache mer e bëssen Drock zu Bréissel, wéi schlëmm wier dat fir dech...? Vläicht kriss de och ee wichtege Poste fir Lëtzebuerg...' An do gëtt et dann intressant, well do ginn dem Nicolas Schmit seng Chancen exponentiell an d'Luucht."

Den Diego Velazquez betount, datt dat Ganzt nach keen 'done deal' wier, mee fir datt den Nicolas Schmit nach am Oktober d'lescht Joer "bal politesch begruewe war", hätt hien elo tatsächlech "e puer Kaarten an der Hand".

Nationalismus an den Ëmgang mat Riets

Och am Europamusée zu Schengen hätt ee gemierkt, datt d'Theema Nationalismus erëm opgeflaamt wier, seet d'Direktesch vum Europa-Musée, d'Martina Kneip. 

"Mir hunn och ee Gästebuch, wou dra geschriwwe gëtt an do mierkt een och e bësse wéi d'Leit ticken. An do ass dat eigentlech d'Haapttheema. Also datt et mam Nationalismus immens schwiereg ass. An domat hänkt jo och ganz oft zesummen, d'Grenze sollen erëm zougemaach ginn etc... Oder et gëtt gefuerdert, datt d'Grenzen nach vill méi, oder méi kloer zou gemaach ginn."

De Rietsruck wier iwwerdeems näischt Neies, dee kéint ee scho laang an der EU gesinn, seet den Diego Velazquez. No den Europawale géif et awer intressant ginn ze gesinn, wéi déi riets Parteie sech wäerten institutionaliséieren an a wéi wäit se mat Parteien aus der politescher Mëtt wäerten zesummeschaffen. Eventuell kéinte se och eng minorité de blocage erreechen, oder souguer "zu enger Aart Regierungskoalitioun" ginn, wat a verschiddenen EU-Memberlänner jo schonn de Fall wier, sou de Wort-Journalist. 

"Dat heescht, do spigelt d'EU just eng Entwécklung déi et a verschidde Memberlänner gëtt. An Italie gëtt et dat, a Schwede gëtt et dat, an Holland wäert et dat ginn. Dat heescht, et ass e bëssen d'Fro, wéi institutionaliséieren ech déi extrem Riets an akzeptéieren d'Parteie vun der Mëtt déi Institutionaliséierung andeems se matspillen?"

Spëtzekandidaten: Kee perfekte System, mee een Ufank

Bäi aller Kritik um System vun den europäesche Spëtzekandidaten, hätt dëse System awer gehollef de Walkampf ze strukturéieren, seet den Diego Velazquez. Doduerch wieren och Ënnerscheeder tëscht den ënnerschiddleche Kandidate méi däitlech ginn. D'Martina Kneip ergänzt, datt de méi personaliséierte Walkampf ronderëm Spëtzekandidaten eng méi einfach Kommunikatioun vun den Theemen erlaabt hätt.

Trotzdem hätt de System a senger aktueller Form Limitten, dat géif och de sozialdemokratesche Spëtzekandidat Nicolas Schmit zouginn. Hie géif et dowéinst méi sënnvoll fannen, wann et een europäesche Walkrees géif ginn, sou den Diego Velazquez. De Walsystem wier generell "net immens kohärent" an "ënner Constructioun, wéi sou villes an der EU", sou de Wort-Korrespondent.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft