Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Deputéierte Ben Polidori verléisst d'Piratepartei

Chamber

Den Deputéierte Ben Polidori verléisst d'Piratepartei

De Ben Polidori verléisst d‘Piratepartei mat Effet immédiat. Wéi de Ben Polidori an engem Communiqué schreift, hätt hien déi Decisioun no laangem Nodenken an no ville Gespréicher geholl.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
De Ben Polidori (lénks) ass net méi Member vun der Piratepartei. (Foto: Chambre des députés)

Hien hätt Divergenze mat der Partei gehat wat déi intern Gestioun an d‘Aart a Weis, wéi Decisioune geholl ginn, ugeet. Doduerch wier et net méiglech gewiescht, seng Haaptaufgab ze erfëllen: Dem Bierger ze déngen.

Dem Ben Polidori seng Reaktioun

De Ben Polidori schreift weider, datt hie säi Mandat als onofhängegen Deputéierte géif weiderféieren. Wéi genee déi Zukunft ausgesäit léist den Deputéierten awer nach opstoen. Hie schléisst awer net aus, datt hie Member bei enger anerer Partei kéint ginn.

An enger éischter Reaktioun huet de Marc Goergen vun der Piratepartei d‘Decisioun bedauert. Hien huet zouginn, datt et tëscht dem Ben Polidori a dem Sven Clement zu Meenungsverschiddenheete koum.        

Dem Marc Goergen seng Reaktioun

De jonken Norddeputéierte konnt bei de leschte Chamberwalen am Norden ee Sëtz fir d'Piraten an der Chamber sécheren.

Op Nofro hinn huet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum dem radio 100,7 gëschter Owend nach gesot, datt de Ben Polidori sech nach net bei der DP gemellt hätt. D'Regierungspartei wier awer oppen, fir hien opzehuelen.