Schonn Enn Januar haten de Premier Luc Frieden an den ukrainesche Regierungschef an enger Videokonferenz iwwert d’EU-Integratioun vun der Ukrain geschwat, an iwwert d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain.
Luc Frieden: D'Ukrain muss weider ënnerstëtzt ginn
Dorëm an ëm déi aktuell Situatioun an der Ukrain geet et och bei de Gespréicher haut zu Senneng. Iwwert de Krich an der Ukrain hat de Luc Frieden ee Samschdeg um CSV-Nationalkongress gesot, datt dee Krich net just d'Ukrain betrëfft.
"Dat ass net nëmmen ee Krich vun der Ukrain, dat ass och 'eise Krich'."
De Premier an neien CSV-President hat de Weekend och dës Warnung ausgeschwat, wat de russesche President Wladimir Putin ugeet:
"An ech soen Iech, wann hien net gestoppt gëtt am Oste vun der Ukrain, da fiert hien och op anere Plaze weider an dat wier eng Katastroph fir Europa an dofir gëllt et d’Ukrain weider ze ënnerstëtzen."
E Kooperatiounsaccord mat der Ukrain
Ëm déi weider Ënnerstëtzung fir d’Ukrain geet et och beim Kooperatiounsaccord, deen den ukrainesche Premier am Dënschdemëtteg an der Stad mam Ausseminister Xavier Bettel ënnerschreift. Donieft gëtt den Denys Schmyhal vum Grand-Duc empfaangen a vum Chamberpresident Claude Wiseler.
Den ukrainesche Premier schwätzt zu Lëtzebuerg och mat der neier Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank, Nadia Calviño. 14 EU-Staaten haten de Weekend an engem Bréif gefuerdert, datt d’EIB um Kierchbierg hir Finanzéierung fir Verdeedegungszwecker soll erop setzen. Lëtzebuerg hat dëst Schreiwes net mat ënnerschriwwen.
D'Yuriko Backes fir Gespréicher zu Ramstein
Ëm d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain geet et haut och op der amerikanescher Air Base zu Ramstein a Rheinland-Pfalz. Op dës Konferenz invitéiert huet den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin d’Membere vun der sougenannter “Ukrain-Kontaktgrupp”, zu där och Lëtzebuerg gehéiert.
Dowéinst ass d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes bei dëse Gespréicher zu Ramstein mat dobäi.