Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ultracylist Ralph "Dizzy" Diseviscourt huet bei der Race around Poland opginn

Race Around Europe

Den Ultracylist Ralph "Dizzy" Diseviscourt huet bei der Race around Poland opginn

De Ralph "Dizzy“ Diseviscourt huet hënt bei der Race around Poland missen opginn. Problemer mat der Nuque hätten et onméiglech gemaach, virunzefueren. De Lëtzebuerger Ultracyclist krut de Kapp net méi richteg gehuewen a gedréit, hu Leit aus senger Ekipp de Moie fréie matgedeelt.

auto_stories

1 min

De Ralph Disesviscourt um 5. Dag vun der Course. Hie louch do op 2. Plaz. (Foto: Team Dizzy)

D'Race around Poland ass eng Extreem-Course vun 3.600 Kilometer, en Tour laanscht d'Grenz ronderëm ganz Polen, mat Depart an Arrivée zu Warschau. De leschte Samschdeg war et lass gaangen, 2.500 Kilometer war de Ralph Diseviscourt an den Deeg an Nuechten zanterhier gefuer, 1.100 Kilometer virun der Arrivée huet hien elo also musse vum Vëlo klammen. 

Den Ultracylclist war virun 10 Deeg am 100,7-Interview.