arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Trafic vum Eurostar tëscht Bréissel a London ass ënnerbrach

Kollisioun mat Unhänger

|
reading time

1 min

Den Trafic vum Eurostar tëscht Bréissel a London ass ënnerbrach

Am der Belsch, bei Tournai gouf et en Accident. En TGV huet do en Unhänger vun engem Trakter ze pake kritt, deen op de Schinnen hale bliwwe war. Am TGV sinn zwou Persoune blesséiert ginn.

reading time

1 min

Eurostar | © picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Eurostar (Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)

120 Passagéier hu missten evakuéiert a mat Bussen op Tournai bruecht ginn, schreift Belga. Den Eurostar war op enger Deviatiounsstreck ënnerwee, well op där normaler Streck geschafft gëtt.