Radioen

On air

9 bis 1  |  Wou wëlle mir al ginn? Wunnen am Alter - 1/3

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OGBL kënnegt der Regierung e waarmen Hierscht un

Réunioun vum Nationalcomité

Den OGBL kënnegt der Regierung e waarmen Hierscht un

Iwwerleeunge vum Aarbechtsminister fir beim Verhandele vu Kollektivverträg d‘Gewerkschaften net ze bedeelegen an déi ugekënnegt Pensiounsreform si fir den OGBL Theemen, wou ee rout Linne setzt. Donieft gëtt  et schaarf Kritik un der Aart a Weis, wéi am Dossier Caritas mam Personal ëmgespronge gi wier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: OGBL/X

Et géifen am Moment Attacken op allen Niveaue ginn an d‘Stëmmung an de Betriber wier deementspriechend schlecht, sou d‘Nora Back. D‘Pensiounen an d‘Salairë géifen ënner Drock stoen.

"A mir musse leider dann och dës Rentrée ufänken domadder, dass mir feststellen, dass den Toun sou lues a lues ufänkt sech ze verschäerfen,  a mir hunn iwwert de Summer festgestallt, wann déi nei Regierung wëlles hat eis rosen ze maachen, dann ass et hinne gelongen."

Méi Kollektivverträg fuerdert den OGBL

Lëtzebuerg brauch méi Kollektivverträg. Dat seet och d‘EU. D‘Nora Back huet allerdéngs virun all Usaz gewarnt, deen d'Gewerkschaften aus esou Verhandlunge géif ausschléissen.

"Dat ass eng rout Linn fir eis. Dat ass en Nogo. Dat ass eng Attack op d’Gesamtlounstruktur vu Lëtzebuerg."

Wat d‘Pensiounen ugeet, sou sinn déi éischt Gespréicher tëscht dem OGBL an der Sozialministesch den 9. Oktober. D‘Nora Back huet nach eemol viru Verschlechterunge gewarnt a fir méi héich Cotisatioune plädéiert. Et géifen och falsch Zuelen an d‘Spill bruecht ginn.

"Mir hu keng Leit am régime generale, déi eng Pensioun hu vun 10.000 Euro. Well Dir wësst, dass d’Mme Deprez gesot huet: 'Wee brauch dann eng Pensioun vun 10.000 Euro.' Mee déi gëtt et net."

Doissier Caritas-HUT e grousst Theema

Mam Dossier Caritas, respektiv HUT, wier een intensiv beschäftegt. D‘Aart a Weis, wéi mam Personal géif ëmgespronge ginn, wier inacceptabel. esou d'Nora Back.

D‘Nora Back weist sech dann och iwwerzeegt, datt een an dësem Dossier mat Plaintë virum Aarbechtsgeriicht wäert Recht kréien, an en Transfert d‘entreprsie deen eenzeg legale Wee gewiescht wier, fir d‘Personal ze iwwerhuelen. 

2024-10-01-PB-1800-jga-PK nach Réunion du Comité national de lOGBL.MP3play_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft