Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wanterblues: Wa Momenter vun Trauer zu engem eeschte Problem ginn

Den Hallwer Néng

Wanterblues: Wa Momenter vun Trauer zu engem eeschte Problem ginn

Wann déi lescht Blieder am Hierscht vun de Beem falen, kënnegt sech fir vill Leit eng gro, kal an trist Joreszäit un. Et schwätzt een och vu “Wanterblues”. Wat de Grond dofir ass a wéini aus “schlecht gelaunt sinn” en eeschte Problem gëtt, dat erkläert de Psycholog a Psychotherapeut Sacha Bachim.

auto_stories

3 min

headphones

24 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Et wier kee Geheimnis, datt et de Leit am Hierscht an am Wanter e bëssi méi schlecht géing goen. Dëse Phenomen, deen oft mat der “stierwender” Natur an Zesummenhang bruecht gëtt, nennt een och saisonal Depressioun oder ebe “Wanterblues”. De Sacha Bachim erkläert, datt et sech hei trotzdeem ëm eng richteg Krankheet handelt, bei där Leit zu bestëmmte Joreszäite méi ufälleg sinn.

De grousse Problem wier, wann eng Persoun de Punkt erreecht, un deem et kippt an aus enger klenger saisonaler Deprimm eng richteg Depressioun gëtt. Dat géif ee mierken, wann eng richteg Verännerung sech am Alldag bemierkbar mécht, wann ee sech zeréckzitt a Saachen, déi engem soss Freed gemaach hunn, dat op eemol net méi maachen.

Den Ausléiser

Ee vun den Haaptausléiser vum Wanterblues wier de Manktem u Luucht wärend dëser Joreszäit, heescht et vum Sacha Bachim. Dat géif mat der Melatonin-Produktioun vum Gehier zesummenhänken. Wann d’Aen der Luucht vun der Sonn ausgesat sinn, produzéiert d’Gehier kee Melatonin méi. Fält d’Sonneliicht wéi am Wanter ewech, bleift de Mënsch méi midd, wat Ausléiser vum Wanterblues ka sinn.

Och Beweegung an Aktivitéiten dobausse spillen eng Roll. Wien am Summer nach owes säi Sport dobaussen an der Sonn maache kéint, géif vläicht am Wanter éischter doheem bleiwen. Vitaminn D wier och ee Stéchpunkt, well de Kierper dofir och Sonneliicht brauch.

Preventiouns-Mesuren

Eng wichteg Viraussetzung wier, sou vill wéi méiglech wärend dem Dag dobaussen ze sinn. De Sacha Bachim erkläert, datt d’Sonn och duerch d’Wolleken am Wanter op de Kierper awierkt a soumat zum Beispill Vitaminn D produzéiert gëtt.

An och wann ee selwer net betraff wier, soll een ëmmer op den eegenen Entourage oppassen. De Psycholog betount, datt Famill a Frënn fir Betraffen eng immens wichteg Roll géife spillen. Et dierft een net just nokucken an eng Kéier op d’Schëller klappen. De Motto “dat geet schonn” géing do net hëllefen, et misst een d’Persoun encouragéiere fir sech Hëllef sichen ze goen.

Wou fënnt een Hëllef?

Den Hausdokter wier eng gutt éischt Adresse, seet de Sacha Bachim. D’mental Gesondheet wier Deel vun der generelle Gesondheet. Den Hausdokter kéint direkt éischt Rotschléi ginn an op konkret Plazen a Persoune verweisen, déi hëllefe kënnen.

Ee Psychotherapeut wier och ëmmer eng gutt Method fir eng éischt Analys vun der Situatioun ze liwweren, an och fir einfach emol e Gespréich opzehuelen. De Sacha Bachim ënnersträicht, datt Therapie zu Lëtzebuerg zanter Ufank des Joers rembourséiert gëtt.

De Sacha Bachim verweist och op Internetsäiten ewéi prevention-depression.lu an och suchtberodungonline.lu – do géif een hëllefräich Informatioune fannen an et kéint ee kuerz Tester ausfëlle fir eng Richtung ze kréien. Dës Tester géifen allerdéngs net duergoen, fir eng komplett Diagnos opzestellen, betount den Expert.

Wichteg wier et virun allem, mam Dokter ze schwätzen. Et wier generell wichteg, méi iwwer de Sujet ze schwätzen, och an der Ëffentlechkeet. D’Theema mental Gesondheet wier ëmmer nach ze vergruewen am Tirang vum Tabu, dat misst sech änneren.

Lauschterenplay_arrow


Text: Kevin Nilles

Gesondheet
Politik a Gesellschaft