Radioen

On air

9 bis 1  |  Billie Marten - Feeling

play_arrow Live
search

/ Den Handelssträit tëschent der EU a China verschäerft sech

Enquête géint Mëllechproduiten

Den Handelssträit tëschent der EU a China verschäerft sech

China huet eng Enquête ugekënnegt géint Mëllechproduiten, déi aus der EU importéiert ginn.

auto_stories

1 min

Kéis | © picture alliance / Picvario | Komsomolskaya Pravda
Kéis (Foto: picture alliance / Picvario | Komsomolskaya Pravda)

Dës Enquete soll 1 Joer daueren. Dat als Reaktioun op déi vun der EU geplangten Stroftaxen géint chineesesch Elektro-Autoen, déi den europäeschen Marché stéiere kéinten. 

Alleng zejoert huet d‘EU Mëllechproduiten am Wäert vun 1,7 Milliarden Euro a China exportéiert.