Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SOS Détresse: Hëllef iwwer Telefon

Gesellschaft

SOS Détresse: Hëllef iwwer Telefon

SOS Détresse sicht Benevoller, fir Mënschen an Nout mat engem Gespréich ze hëllefen. Am Abrëll fänkt deen nächste Formatiounszyklus un.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

Jessica Levy a François Luong | © Chris Zeien play_arrow
Jessica Levy a François Luong (Foto: Chris Zeien)

Déi ronn 50 Benevollen déi am Moment fir SOS Détresse op den Telefon ginn, sinn immens divers, seet de François Luong. Et wieren och Leit aus dem psychosoziale Secteur dobäi, mee och Dokteren an Affekoten zum Beispill. Altersméisseg wiere Leit vu Mëtt 20 bis an de Pensiounsalter vertrueden. Hien a seng Kolleegin Jessica Levy këmmere sech ëm den Encadrement an ëm d'Formatioun vun der Ekipp vu Benevollen.

D'Grënn firwat Leit bei SOS-Détresse uruffen, wiere ganz ënnerschiddlech, sou d'Jessica Levy. Dat geet vun eleng sinn, Probleemer an der Bezéiung, oder an der Famill, bis hin zu Ofhängegkeeten, oder suizidale Gedanken.

"Keen Theema ass ze grouss oder ze kleng fir eis unzeruffen. Wann een ee brach fir ze schwätzen, dofir si mir do."

Wéi leeft een typescht Gespréich of?

Fir déi meeschte Leit déi uruffen, wier dat ee grousse Schratt, seet de François Luong an "dacks ass et esou, datt een dann net direkt weess, wat ee soll soen, wann ee bis een um Telefon huet".

Dofir géifen déi fräiwëlleg Mataarbechter drop forméiert ginn, fir der Persoun déi urifft, Zäit ze loossen "fir datt si sech kann ausdrécken, wéi si et am léifsten huet". Generell wieren d'Gespréicher „sou laang wéi d'Persoun déi urifft et brauch“. An der Reegel sinn dat 30 bis 45 Minutten an Ausnamen awer och ganz kuerz oder mol méi laang, sou d'Jessica Levy.

Eng ausféierlech Formatioun

Mëtt Abrëll fänkt deen neie Formatiounszyklus un, dee ronn een an een halleft Joer dauert. Selbstreflektioun ass deen éischt Module, am zweeten Deel vun der Formatioun léiert een dann Technike vun der Gespréichsféierung. Am drëtte Module geet et da méi spezifesch ëm psychologesch Theme wéi Ofhängegkeeten, Relatiounen an der Famill an Trauma. De leschten Deel ass méi praktesch an dréit sech ëm méi konkret Froe wéi zum Beispill "wéi een op den Telefon geet, wat ee seet, wat een net soll soen, wéi ee Froe stellt", seet de François Luong. Am leschten Deel begleet een och aner Benevollen op hirer Schicht.

Erfarungsgeméiss melle sech 20 bis 30 Leit fir een neie Formatiounszyklus, aus deenen da 15 Leit iwwer Evaluatiounsgespréicher ausgewielt ginn. Wéi vill Leit d'Formatioun da bis zum Schluss duerchzéien, wier ënnerschiddlech, seet d'Jessica Levy: "Mol falen der zwee ewech, mol bleift nach d'Hallschent iwwereg."

Den éischte Moment den Telefon ophiewen

No annerhallwem Joer kënnt dann de grousse Moment, op deem een dann eng éischte Kéier den Hörer ophieft. Dacks wieren d'Leit dee Moment e bëssen nervös oder opgereegt, mee generell wiere si frou, datt et elo lass geet.

"Bei deene meeschten ass et awer sou, datt se soen 'lo wëll ech awer och... Lo sinn ech sou laang preparéiert ginn, lo hunn ech sou vill materlieft, lo hunn ech sou vill Erfarungen ausgetosch. Ech fille mech och elo prett an ech mengen, ech kann dat och elo.' An dat ass ëmmer ee schéine Moment, fir dat mat unzegesinn."

Iwwer ee Mount gesinn, solle Benevolle sech dann an zwou bis dräi Schichten a véier Stonnen androen. Och dee Moment gi si natierlech weider superviséiert a begleet an ee mol d'Woch ass een Rendez-Vous op deem ee sech mat anere Benevolle kann austauschen.

Virkenntnisser brauch ee keng, seet d'Jessica Levy, et sollt een awer iwwer 25 Joer al sinn "fir datt ee schonn e bësse Liewenserfarung matbréngt".

Melle kann ee sech iwwer benevolat@sosdetresse.lu an um Site 454545.lu fënnt ee weider Informatiounen.


Déi lescht Joren huet sech d'Unzuel vun Appeller bäi ronn 4.000 pro Joer agependelt, erreechbar ass den Telefon vun SOS Détresse siwen Deeg an der Woch. D'Gespréicher kann een op Lëtzebuergesch, Franséich, Däitsch an Englesch féieren. Och eng Berodung iwwer Mail ass méiglech, do kritt ee bannent dräi Schaffdeeg eng Äntwert. Iwwer dee Wee kann een och ee Gespréich op portugiesch féieren. Fir déi schrëftlech Kommunikatioun méi direkt ze gestalten, gëtt momentan och un engem Chat geschafft.


Lauschterenplay_arrow