Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Den Eurovisioun Song Contest ass nächst Joer zu Basel

D'EBU deelt mat

Den Eurovisioun Song Contest ass nächst Joer zu Basel

Genf a Basel stoungen nach zur Auswiel. Den Donnneschdeg den Owend ass d‘Decisioun gefall, wéi d‘European Broadcasting Union de Moie matdeelt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner

Déi grouss Final vum Eurovision Song Contest ass deemno de 17. Mee zu Basel. Weider Detailer ginn de Mëtten op enger Pressekonferenz bekannt. Dëst Joer hat de Schwäizer Kënschtler Nemo beim ESC gewonne mam Lidd “The Code”. Lëtzebuerg koum op déi 13. Plaz. Och nächst Joer schéckt Lëtzebuerg nees eng Kandidatin oder ee Kandidat an d‘Course. Intresséiert Musekerinnen a Museker kënnen sech nach bis de 6. Oktober online registréieren op der Websäit eurovision.rtl.lu.