Dat huet hie wärend enger ëffentlecher Zeremonie op der Place Vendôme zu Paräis gesot. Do gouf haut um internationale Weltfraendag virum Justizministère offiziell gefeiert, datt d‘Fräiheet, fir ofzedreiwen, offiziell an déi franséisch Verfassung opgeholl gëtt.
Den Emmanuel Macron sot weider, datt hien och iwwert Europa eraus dofir kämpfe wëll, datt dëst Recht universell a wierksam gëtt. Et wier ee laange Kampf fir d‘Fräiheet, huet et nach a senger Ried geheescht.