Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump gewënnt och d'Primaries a South-Carolina

US-Walkampf

Den Donald Trump gewënnt och d'Primaries a South-Carolina

An den USA huet den Donald Trump sech – wéi erwaart - bei de Primaries a South-Carolina géint seng lescht republikanesch Géignerin, Nikki Haley, duerchgesat. Dobäi war si sechs Joer laang Gouverneur vum US-Bundesstaat.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy
Foto: picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy

D‘Nikki Haley wëllt awer net opginn an de Kampf weiderféieren, sot si duerno bei engem Walmeeting zu Charleston. D‘Politikerin steet fir de méi moderate Flillek vun de Republikaner. Fir den Trump war et déi véiert Victoire hannertenee bei de Virwale fir d‘Presidentschaftskandidatur.