Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Del Water Gap And Holly Humberstone - Cigarettes and Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Dominik Eulberg a seng Biodiversitätsshow

DJ an Ökolog

Den Dominik Eulberg a seng Biodiversitätsshow

Techno-Beats verbonne mat Naturschutz. Klengt fir déi meescht wuel widderspréchlech oder op d’mannst aussergewéinlech. Genau dat ass awer d’Markenzeeche vum däitschen DJ an Ökolog Dominik Eulberg. Seng Missioun: D’Leit duerch Konscht a Kläng fir déi Biodiversitéitskris ze sensibiliséieren.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

Wéi dat funktionéiert, huet sech d’Sophie Schroeder dëse Weekend op senger sougenannter “Biodiversitätsshow” am Athénée ugekuckt.

D’Musek als Lien zur Natur. Dat ass fir den Dominik Eulberg net nëmmen ee Konzept, mee eng Häerzenssaach. De 46-Järegen Wëssenschaftler am Naturmusée zu Berlin ass studéierten Ökolog a gläichzäiteg och Museker an DJ.

"Natur ass déi gréisste Kënschtlerin"

Schonn zanter Jore bréngt hie Klangwelten zesummen, déi vläicht op den éischte Bléck kaum eppes mateneen ze dinn hunn. Elektronesch Beats a Geräischer aus der Natur. Seng Inspiratioun hëlt hien och direkt aus der Natur.

"Ich gehe in die Natur, hole die Schwingungen auf, lasse mich inspirieren. Natur ist die größte Künstlerin von allen. Ähnlich wie ein Maler dann ein Bild malt, versuche ich, die Gefühle mit Musik zu Manifestieren."

Villerchersgesang gëtt transkribéiert

A seng musikalesch Wierker léisst den Dominik Eulberg dës Inspiratiounen aus der Evolutioun an aus der Wëssenschaft afléissen. Sou transkribéiert hien zum Beispill Villerchersgesang a Form vun Nouten an integréiert dat dann a seng Kompositiounen.

"Der Gesang der Vögel ist schon 33 Millionen Jahre alt, Homo Sapiens ist erst 310.000 Jahre alt. Und dann ist es einfach so: Musik machen ist ja nichts anderes wie die Selektionen aus unendlich vielen Optionen, wo man schnell drinnen verloren gehen kann."

Keng Notten oder Karteikaarten: Ganz spontan Virträg

Seng “Biodiversitätsshow” ass een interaktiivt Erliefnes. Den Dominik Eulberg steet am grousse Sall op enger Bün. Hannert him leeft eng Presentatioun mat Fotoen, Statistiken a Fact-Sheets. Virun him steet säi Mëschpult, op deem hie live seng Musek spillt.

Et mierkt een him seng Passioun un: Ouni Karteikaarten oder soss Notten am Grapp hält hie seng Virträg ganz spontan. Mat Naturfilmer, oder och kuerze Quizformater wëll den Dominik Eulberg den eeschte Sujet Biodiversitéitskris méi no un de Public bréngen. Dee besteet aus ronn 400 Persounen, dorënner Kanner, Familjen, Jonker an eeler Leit. 

Zum Staune bréngen a sensibiliséieren

Tëschenduerch erzielt hie Fakten iwwer D’Natur- an Déierewelt, wéi zum Beispill hei, wou hien de Public mat an d‘Welt vun den Insekten hëlt:

"10 Trillionen Individuen, gibt es schätzungsweise. Ihr seht hier, wie viel noch unerforscht ist, das nennt man die sogenannte Dark Taxa. 3 bis 5,5 Millionen Arten, geht man davon aus, dass es weltweit gibt, 1 Millionen sind gerade beschrieben."

Dem Dominik Eulberg no schützen d’Mënschen nëmmen dat, wat si och kennen, dofir publizéiert hien nieft sengen Optrëtter och Bicher, mat deenen hien d’Leit opklären an zum Staune brénge wëll. An op déi Manéier och fir d’Biodiversitéitskris sensibiliséiere Wëll.

Mat senger Biodiversitätshow tourt hien deemnächst duerch verschidde Stied an Däitschland.

Lauschterenplay_arrow