Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - 16 Shells From A Thirty-Ought-Six

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Alexander Lukaschenko huet een Däitsche begnodegt

No Doudesurteel

Den Alexander Lukaschenko huet een Däitsche begnodegt

De belarussesche President Alexander Lukaschenko huet d'Doudesurteel géint een Däitschen opgehuewen. Hie war wéinst Terrorismus verurteelt ginn.

auto_stories

1 min

Alexander Lukaschenko | © picture alliance/dpa | Jörg Carstensen
Foto: picture alliance/dpa | Jörg Carstensen

De President hätt deen 29-Joer alen Däitsche begnodegt, hunn déi staatlech Medien a Belarus gemellt. Hie war am Juni ënner anerem wéinst Terrorismus am Optrag vum ukrainesche Geheimdéngscht zu Doud verurteelt ginn. Den däitschen Ausseministère huet sech an enger éischter Reaktioun erliichtert gewisen.

Déi staatlech belarussesch Televisioun hat virun e puer Deeg e Video diffuséiert, an deem deen Däitsche sech schëlleg erkläert an de President gefrot hat, hien ze begnodegen. Et ass dervun auszegoen, datt hie gezwonge gouf, dee Video opzehuelen.