Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg stagnéiert, mee bleift bestoen

Rapport vum STATEC

Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg stagnéiert, mee bleift bestoen

Lëtzebuerg zielt engem Rapport vum internationale Wärungsfong no zu engem vun de räichste Länner vun der Welt, mat engem Bruttoinlandprodukt vun 125.000 Euro pro Kapp. Mee d’Aarmut, déi gëtt et trotzdeem, och bei eis. Wéi de Statec a sengem Rapport iwwer Aarbecht a sozial Kohesioun feststellt, stagnéiert den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

De Risiko ass esouguer amgaange liicht zeréckzegoen. Mee och wann d’Kafkraaft vun de Leit duerch ënnert anerem dem Index-System erëm liicht klëmmt, riskéieren nach ëmmer ronn 108.000 Mënschen an d’Aarmut ze rutschen.

Aarm trotz Aarbecht

Eng Aarbechtsplaz ze hu schützt zu Lëtzebuerg net onbedéngt virun Aarmut. Vun der Gesamtpopulatioun hunn am Joer 2022 17,2 Prozent riskéiert, an d’Aarmut ze rëtschen, sou d’Prognos vum Statec. Dat entsprécht ronn 108.000 Mënschen. A bal 13 Prozent vun de Salariéeën hei am Land waren zejoert dem Aarmutsrisiko ausgesat. Hei schwätzt de Statec vun de sougenannten “working poor”, also aarm trotz Aarbecht.

Virun allem d’Beräicher vun der Constructioun, der Hotellerie, der Restauratioun, der Santé an de Beräich vum Commerce sinn hei betraff. Méi wéi d’Hallschent vun de Salariéeën hei am Land schafft an engem vun dëse Secteuren, erkläert de Guillaume Osier vum Statec.

“Donc on voit des sous populations qui sont très fortement représentées, parmi ce qu’on appelle les travailleurs pauvres. Donc on peut citer notamment les travailleurs à temps partiel, et ceux qui exercent des professions, qu’on va qualifier de manuel ou d’élémentaires.”

Logement nach ëmmer Haaptsuerg

Ee weidere Constat am Rapport vum Statec ass, datt de Logement ee groussen Deel vum Akommes frësst. De sougenannten Taux d’effort ass geklommen. Dat ass deen Undeel vum Revenu, deen un de Logement consacréiert gëtt. Vun 2017 bis 2022 ass deen ëm ganzer zéng Prozentpunkten eropgaangen, erkläert de Guillaume Osier.

“Donc c’est quand même une augmentation qui est très forte et qui est à mettre en relation avec cette perception subjective en effet sur la charge des couts du logement. On voit que les deux sont cohérents. Et si on regarde plus précisément encore ce taux d’effort, on voit que plus de 40 pourcents du revenu disponible sont consacrés au logement pour les ménages qui appartiennent ce qu’on appelle le premier quintile du revenu, c'est-à-dire les ménages modestes, les ménages locataires et aussi les ménages isolés de moins de 65 ans.”

Logement war ee vun den Haaptsujeten am Walkampf, an dat wuel zu  Recht, well: néng vun zéng Menagen hunn uginn, hei besuergt ze sinn, sou de Statec.

“Mais en tout cas, cette question est évidemment très importante, et on voit que le niveau est élevé pour certaines sous populations. On peut citer les ménages avec enfants, les propriétaires avec emprunts, cette précision est importante donc qui doit rembourser leurs emprunts et les locataires.” 

Inegalitéiten amgaangen sech ze verbesseren

Mee et gëtt och gutt Noriichte vum Nationale Statistikamt: Trotz sëllege Krise géifen d’Inegalitéiten zu Lëtzebuerg liicht erof goen. Zum Beispill geet den Undeel u Spezialisten am Beräich vun de Kommunikatiounstechnologien ëmmer méi an d’Luucht. Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg hei op zweeter Plaz, viru Finnland an no Schweden.

Allgemeng schwätzt den Direkter vum Statec Serge Allegrezza net onbedéngt vun enger Verbesserung, mee och net vun enger Explosioun vun Inegalitéiten an Aarmut. 

Lauschterenplay_arrow