Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den 20. Februar huet Lëtzebuerg säin Overshoot Day

Ëmwelt an Nohaltegkeet

Den 20. Februar huet Lëtzebuerg säin Overshoot Day

Zu Lëtzebuerg ass muer um 20. Februar de sougenannten Overshoot Day. Dat ass deen Dag, wou Lëtzebuerg all d‘Ressource verbraucht huet, déi all Ökosystemer vun der Welt an engem Joer kënnen erneieren.

auto_stories

2 min

Overshoot Day | © Margot Richard / Unsplash
Foto: Margot Richard / Unsplash

D‘Ëmweltorganisatioun Greenpeace Lëtzebuerg bedauert an engem Communiqué, datt Lëtzebuerg rëm europäesche Champion beim Overshoot Day ass. De Grand-Duché ass effektiv dat éischt EU-Land, dat deen Dag erreecht. Weltwäit erreecht just Katar deen Dag éischter.

Greenpeace mat enger klorer Fuerderung un d'Regierung

Well Lëtzebuerg weiderhin op e permanenten a kuerzfristege Wirtschaftswuesstem ausgeriicht wier, wier de Ressourcëverbrauch hei am Land esou héich, datt méi ewéi siwe Planéiten néideg wieren, wa jiddereen op der Äerd esou liewe géif, wéi hei zu Lëtzebuerg.

Greenpeace Lëtzebuerg fuerdert dofir vun der CSV-DP Regierung, si dierft Mesuren, fir manner CO2 auszestoussen a manner Ressourcen ze verbrauchen, net reduzéieren, a si misst d‘Energie-Transitioun weider acceleréieren. Zum Beispill duerch eng weider Hausse vun der CO2-Besteierung. 

De Konsumenteschutzministère gëtt Rotschléi

De Konsumenteschutzministère felicitéiert sech iwwerdeems, datt den Overshoot Day dëst Joer sechs Deeg méi spéit ass, wéi d‘lescht Joer, wou deen Dag schonn de 14. Februar war. Mee dat géif nach net duergoen, heescht et an engem Communiqué. Et wier awer keng Fatalitéit: jidderee kéint dozou bäidroen, datt manner Ressourcë verbraucht ginn. Am Communiqué ginn et Rotschléi, wat een alles ka maachen, och wann déi meescht Rotschléi zimmlech schéngen.