Dee Prozentsaz ass zanter 2018 liicht zréckgaangen, op Grond vum Impakt vum Nationalitéitegesetz. Dat schreift de Statec an enger neier Publikatioun iwwer déi demografesch Entwécklung.
D’Liewenserwaardung läit bei de Frae bei 84,8 Joer, a fir d’Männer sinn et 80,5 Joer. Praktesch d’Hallschent vun de Bestietnesser gi gescheet.