Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demande fir een Agrement: Orpea wëll een Altersheem zu Stroossen geréieren

Altersheem

Demande fir een Agrement: Orpea wëll een Altersheem zu Stroossen geréieren

Orpea hätt am Januar dëst Joer eng Demande gemaach fir een Agrement ze kréie fir d’Gestioun vun engem Altersheem zu Stroossen. Dat äntwert de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng. Dës Demande géing grad analyséiert ginn.

auto_stories

1 min

Gebai | © Adam Przeniewski / Unsplash
Symbolfoto: Adam Przeniewski / Unsplash

Informatioune vun Orpea no wier d’Ouverture vun der Struktur fir Summer/Hierscht dëst Joer geplangt. Wéi weider aus der Äntwert vum zoustännege Ministère ervirgeet, wieren 2022 an 2023 jeeweils zwou Kontrollen am Altersheem vun Orpea zu Märel gemaach ginn.

Orpea war virun zwee Joer an ee Skandal verwéckelt, well Mësshandlungen an hiren Altersheemer a Frankräich opgedeckt goufen. Am Kader vum neie Qualitéitsgesetz fir Servicer fir eeler Leit, dat den 1. Mäerz a Kraaft trëtt, sollen d’Agremente vun de concernéierte bestoende Servicer fir eeler Leit erneiert ginn. Dat präziséiert den zoustännege Ministère nach an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.