Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dem Lëtzebuerger Bësch geet et schlecht

Ëmweltministère

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et schlecht

Den Zoustand vum Lëtzebuerger Bësch huet sech zënter 2018 däitlech verschlechtert. Besonnesch d‘Fiichten hu gelidden an dierfte laangfristeg zu Lëtzebuerg keng Iwwerliewenschance méi hunn.

auto_stories

1 min

Dëse Constat beschreift den Ëmweltminister Serge Wilmes a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Donieft sinn och Bichebestänn wéinst der Dréchent wärend e puer Joer geschiedegt, dat besonnesch am Süde vum Land.

Am Norde sinn et éischter d'Eechebestänn, déi op méi liichte Biedem geschiedegt goufen. Generell goufen Eenzelbeem laanscht Stroossen, an de Parken, an an den Uertschaften duerch Dréchent och schwéier geschiedegt.

Fir de Bësch prett fir Zukunft ze maache solle virun allem gréisser Ofholzunge verhënnert ginn. Uplanze vun neien Zorten, natierlech Waasserreservoiren am Bësch, an d‘Reduzéiere vum Wëldbestand sinn dem Ministère no weider Mesuren, déi solle gräifen.