Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Planzt mat": Wéi een en ëmgeluechte Bësch rëm op d'Bee kritt

Fondatioun Hëllef fir d'Natur

"Planzt mat": Wéi een en ëmgeluechte Bësch rëm op d'Bee kritt

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Do wou e sech net méi selwer op d‘Bee kritt, ass et wichteg ëm dobäi ze hëllefen. Ënner anerem gëtt dat zur Sir an der Gemeng Bauschelt gemaach.

auto_stories

1 min

headphones

20 min

© Maurice Molitor play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Op enger Kahlschlagfläch zu Sir leeft de Bësch-Projet „Planzt mat!“ vun der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur. Op där Plaz stoung virun 20 Joer nach ee Fichte-Bësch, deen awer komplett ëmgeluecht gouf.

Heiansdo erhëlt d‘Natur sech dovunner, wann ee se gewäerde léisst. Dat war hei awer net de Fall, wéinst dem Klimawandel - an d‘Wëldpopulatioun ass ze héich. Réi knabberen zum Beispill all Knosp of soubal se schéisst.

Mëttlerweil ass d‘Fondatioun Hëllef fir d‘Natur Proprietär vun der 10 Hektar Fläch. Elo ginn hei verschidde Bamzorte geplanzt, déi och op enger Distanz vun 1,5 Kilometer mat engem Wëldgatter geschützt ginn, erklären de Patrick Losch, President vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur an de Julien Bosseler, engem Mataarbechter, dee sech ëm d‘Opforstung këmmert.

Lauschterenplay_arrow