search

/ Hëtzt: Recommandatioune fir Mënsch an Déier

Hëtztwell

|
reading time

2 min

Hëtzt: Recommandatioune fir Mënsch an Déier

D‘Direktioun vun der Santé huet um Donneschdeg schonn eng Alerte de grande chaleur vum Niveau 3 declenchéiert. Wéi et an engem Communiqué heescht, wier dat néideg, well d‘Temperaturen nuets och héich bleiwen. Si sollen net ënner 20 Grad falen.

reading time

2 min

© EPA/TERESA SUAREZ
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

An deem Kader huet d‘ITM Recommandatiounen erausginn, wéi ee sech op der Aarbecht am beschte virun der Hëtzt ka schützen.

Och d‘ALVA erënnert un de Schutz vun den Deieren. Hir Besëtzer mussen ënner anerem op stännegen Zougank zu Waasser a Schied hunn.

Och d‘Santé huet déi zweethéchst Warnstuf wéinst Hëtzt ausgeruff – also den Niveau dräi. D‘Santé erënnert drun, reegelméisseg ze drénken, wa méiglech am Killen ze bleiwen an op déi eeler a vulnerabel Leit opzepassen.

Festivitéite passe sech un 

Op der Fête de la Musique zu Miersch beispillsweis déi haut a muer stattfënnt, wäert ee gratis säi Bidon mat Drénkwaasser opfëlle kënnen. Ausserdeem wäert e grousst oppent Zelt op der Plaz fir Schied suergen.

Muer op der Fête de la Musique zu Diddeleng wäert et och dräi gratis Waasserstatioune ginn a vill Schiedplazen uechter d’Stad. De CGDIS huet ee Container bei der Kierch an ee bei der Gemeng.

D’Stad Lëtzebuerg verweist wéinst der Hëtzt op déi 60 gratis Drénkwaasserstatiounen uechter d’Stad. Eng Kaart fënnt een op fontaines.vdl.lu.