Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Déi nei franséisch Regierung steet

Puer nei Gesiichter suerge fir Opreegung

Déi nei franséisch Regierung steet

Zu Paräis ass haut um Freidegmoien um 11 Auer den éischte Regierungsrot vun der neier Regierung vum Premier Gabriel Attal. Déi nei Equipe gouf gëschter presentéiert. Hier Zesummesetzung gëtt zanterhier intensiv kommentéiert.

auto_stories

1 min

De President Emmanuel Macron huet seng Partei-Schwéiergewiichter an hirem Ressort gelooss. Den Bruno Le Maire bleift Wirtschafts- a Finanzminister, an de Gérald Dramanin Chef vum Innenministère. An der Justiz bleift den Eric Dupond-Moretti, an an der Defense de Sébastian Lecornu.

Neien Ausseminister gëtt de Stéphane Séjourné, eppes wat déi franséisch Medien deelweis opreegt, well de Sejourné och Generalsekretär vum Macron seng Partei Renaissance ass.

Am Mëttelpunkt steet awer och d’Nominatioun vun zwou Fraen, der Rachida Dati an der Catherine Vautrin. Béid gëllen als kloer Zechen dofir, datt déi nei franséisch Regierung no riets geréckelt ass. D’Catherine Vautrin iwwerhëlt de Ressort vun der Aarbecht.  Déi konservativ Politikerin ass en Dar am A vun der LGBTQ Communautéit. Dat, well si 2013 géingt de Mariage pour tous gestëmmt huet.

Vill diskutéiert gëtt virun allem och d’Nominatioun vun der Rachida Dati. Si war ënnert dem Nicolas Sarkozy Justizministesch, a bis gëschter Member vun der konservativer Oppositiounspartei Les Republicains. No hirer Nominatioun an d’Regierung gouf si awer gëschter do eraus geheit.

Déi franséisch Medie gesinn der Rachida Dati hier Nominatioun als Sprangbriet fir déi Paräisser Märei. 2026 si Walen, an d’Rachida Dati wëll de Buergermeeschterposten dann der Sozialistin Anne Hidalgo ofhuelen.