Als Europa, an och als Lëtzebuerg, misst een e klore Message un d’Demokratien op der Welt schécken an och eng Distanz zu den Aggresseuren an hire Representanten halen. Do géif awer och Lëtzebuerg momentan eng éischter schlecht Roll spillen.
"Zum Beispill zur US-Ambassadrice, mat där eis Majoritéitspolitiker op all Receptioun an der Rei stinn, fir fir Fotoen ze poséieren. Wou sinn dann amplaz vun deenen aizi aizi Fotoe mat eeben dëser Trump-Ënnerstëtzerin, déi kloer Messagen, déi eis Majoritéitspolitiker eventuell am Echange mat dëser Vertriederin vum US-Regimm, placéiert hunn?"
Kloer Messagen amplaz op Fotoen
Et géif ee sech éischter kloer Wierder erwaarden, datt Lëtzebuerg net akzeptéiert, datt Supermuechten d‘Welt "no hiren Interessen" zeechnen. Scho guer net "vermeintlecht Alliéiert", esou d‘Stéphanie Empain.
Eigentlech misst Europa eng konsequent Reaktioun op déi aktuell besuergneserreegend Entwécklungen uechter d’Welt weisen, esou nach d’Stéphanie Empain. Dëst wier awer net de Fall. Et misst ee sech froen, wéini nokucken a suivéieren zur europäescher Aussepolitik gi wier, esou nach d’Parteipresidentin vun déi gréng.