Klimakris, den Opschwong vun de rietse Parteien a ganz Europa, Kricher a Migratiounserausfuederungen: D‘Pallett un Theeme wier breet. Déi riets Parteie géifen d‘Leit mat einfache Léisunge fir komplex Theeme lackelen, sou d‘Parteipresidentin Stéphanie Empain.
Richteg Léisunge brauche Courage a Kreativitéit
Dat wieren "fake Léisungen“. Et bräicht vill méi Courage, Kreativitéit an Zesummenaarbecht fir "déi richteg Léisungen". Doranner géif d‘Stäerkt vun déi gréng leien, esou d‘Stéphanie Empain.
Solidaritéit, Gerechtegkeet an Nohaltegkeet: D‘Slogane vun der grénger Partei wiere grad elo gefrot. Allerdéngs géif grad déi aktuell schwaarz-blo Regierung dës Wäerter komplett vermësse loossen. De Sozialdialog wier ouni Nout zerstéiert ginn, déi Schwächsten an der Gesellschaft géifen als Sécherheetsrisiko ugesi ginn. Steierkaddoe géif et fir déi ginn, déi am meeschten hunn, a vum Ëmweltminister wier nach keng eenzeg Initiativ ze gesi gewiescht, déi am Interêt vun der Ëmwelt wier, sou de Parteipresident François Benoy.
"Ee géint deen aneren"
Och d‘Deputéiert Sam Tanson gesäit bei der Regierung permanent just Ee géint deen Aneren. Dat wier kee verantwortungsvollt Regéieren.
"D'Patronat versus d'Gewerkschaften, Ëmwelt versus Logement, Heescherten oder Flüchtlinge versus Sécherheet. An dobäi, wann een d'Erausfuerderungen, an dat wësse mer alleguerten, net gesamtheetlech ugeet, da schaaft een eigentlech nëmmen nei Problemer."
Deem géif een als gréng awer eng konstruktiv Aarbecht an de Gemengen, an der Chamber an am EU-Parlament entgéintsetzen, huet et nach um Neijoerschpatt vun déi gréng geheescht.
Grad elo wier net de Moment, fir de Kapp an de Sand ze stiechen.