Radioen

On air

Notturno  |  Cuddle Magic - Still In Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi däitsch Gréng stelle sech géint d'Pläng vu rout-schwaarz

Finanzpak

Déi däitsch Gréng stelle sech géint d'Pläng vu rout-schwaarz

Bündnis 90 die Grünen hunn um Méindegowend matgedeelt, datt si net wëlles hunn der Reform vun der Scholdebrems an deem sougenannte Sondervermögen fir Infrastrukturen zouzestëmmen. Béides misst mat enger Zweedrëttelmajoritéit vum däitsche Parlament ugeholl ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

8 min

©  Bündnis 90/Die Grünen Nordrhein-Westfalen/Flickr play_arrow
(Foto: Bündnis 90/Die Grünen Nordrhein-Westfalen/Flickr)

Am neie Bundestag,deen elo viru kuerzem gewielt gouf, wäert déi Majoritéit sécher net zustanekommen, well d'AfD an die Linke bei deenen do Virschléi net matzéien. An dofirwollten d'CDU, d'CSU an d'SPD hir Pläng nach vum ale Bundestag guttheescheloossen. Mee ob déi Rechnung elo nach op geet, sief a Fro gestallt, well déiGréng dat elo blockéiere wëllen. 

Kee Spillgeld fir Kaddoen

Dee Blockage hätt inhaltlech Grënn, erkläert d’JeanneDillschneider Spëtzekandidatin vun de saarlännesche Gréngen an am Bundestag firdéi Gréng. 

“Wir möchten nicht, dass es hier im Endeffekt umInvestitionen geht, die nur Spielgeld für die CDU/CSU und die SPD sein sollen.”

Si wéilten zousätzlech Investitiounen an d’Infrastruktur anan de Klimaschutz, iwwerdeems géif Verteidegung ze kuerz gefaasst ginn. ZumBeispill géif de Begrëff Cybersécherheet guer net erwäänt ginn.

Trotz Zäitdrock bleiwen déi Gréng bei hire Wäerter

D’Verhandlunge géifen nach weider alafen. Déi däitsch Grénghunn elo selwer en Entworf virgeschloen, sou d’Jeanne Dillschneider. 

“Der Ball liegt jetzt bei Friedrich Merz.”

De Friedrich Merz misst och am neie Bundestag eng néidegMajoritéit sichen an dofir misst hien eeben och Gespréicher mat die Linkeféieren, seet d’Jeanne Dillschneider. 

Et wieren alles Punkten, déi den nach Minister Robert Habeck scho viru Wochen ugeschwat hätt. 

“Da hat Friedrich Merz die Grünen fast ausgelacht dafür undjetzt muss alles in ein paar Tagen gehen.”

Elo misst de Friedrich Merz als zukünftege Kanzler beweisen,datt hie Verantwortung kéint iwwerhuelen.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow