D'Verhandlungsekippe vun Unioun an SPD hunn Tempo gemaach: E Samschdegnomëtteg war kloer, datt d'Parteie Koalitiounsverhandlunge géifen ufänken, gëschter dann hu schonn d'Parteigremie vun CSU an SPD hiren Accord ginn. Um Méindegmoien trefft sech nach de Comité vun der CDU, fir seng Zoustëmmung ze ginn.
Neien däitsche Kanzler
Wann um Enn vun de Koalitiounsverhandlungen en Accord sollt stoen, wäert de Friedrich Merz wuel vum Bundestag zum nächsten däitsche Kanzler gewielt ginn.
Bis et awer esou wäit ass, mussen d'Parteien nach an enger Rei Aarbechtsgruppen hir Zesummenaarbecht ausschaffen. Bildungs- a Familljepolitik, d'Klima, de Verkéier - bei enger ganzer Rei Theeme mussen nach Kompromësser fonnt ginn.
Datt CDU, CSU an SPD awer zouversiichtlech si läit dorun, datt si sech bei de grousse Sträittheeme Finanzen a Migratioun scho bei hire Sondéierungen eens gi waren.
Méi streng Asylpolitik a 15 Euro Mindestloun
D'Unioun konnt sech virun allem beim Theema Migratioun duerchsetzen. Däitschland wäert an Zukunft eng däitlech méi streng Asylpolitik fueren, nieft den dauerhafte Grenzkontrolle virun allem d'Réckféierunge vu Refugiéë virundreiwen an d'Familljenzesummeféierung begrenzen.
D'SPD krut awer och op ville Punkten hir Fuerderungen duerchgesat, dorënner e Mindestloun vu 15 Euro, Steiererliichterunge fir Pensionären oder och méi flexibel Aarbechtszäiten.
Bis Ouschtere soll déi néi däitsch Regierung stoen, dat huet de Friedrich Merz als Zil ausgeruff. E Koalitiounsaccord misst nach vun de Parteien akzeptéiert ginn. Bei der CSU decidéiert dat de Comité, bei der CDU muss e klenge Parteidag zoustëmmen. D'SPD wëllt iwwerdeems hir Memberen ofstëmme loossen.