D‘Handwierkerfederatioun hat gëschter um Donneschdeg an engem Communiqué geschriwwen, déi fräi Lëschte wieren de grousse Gewënner vun dëse Walen. Den OGBL huet dat gëschter Owend du per Communiqué vehement zeréckgewisen. D‘Gewerkschaft weist drop hin, datt déi fräi Lëschte keen homogeene Block sinn.
Déi onofhängeg Delegéiert hätte meeschtens näischt mateneen ze dinn a géife vun ënnerschiddlechen Horizonter kommen. Et wieren zum Beispill Pro-Patrons-Lëschten oder Leit, déi vum Patron als Delegéiert designéiert goufen. Ënner hinne wieren och Syndikatsmemberen, déi sech net affichéiere wéilten.