search

/ déi Lénk: Politik vun der CSV-DP-Regierung mecht de Leit d'Liewe schwéier

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

déi Lénk: Politik vun der CSV-DP-Regierung mecht de Leit d'Liewe schwéier

De Gesellschaftssystem zu Lëtzebuerg wier pervers an onsolidaresch, fënnt de Co-Spriecher vun déi Lénk, den André Marques. D'CSV-DP Regierung géif eng Politik weiderféieren, déi am Sënn vun de Betriber an net am Sënn vun de Salariéë wier.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

De Co-Spriecher vun déi Lénk huet ënner anerem d'Reegelung zu den Ouvertureszäiten am Commerce ferm kritiséiert. 

D'Konsequenze wieren net matgeduecht ginn 

Hei wiere sech keng Gedanken ëm d'Konsequenze fir d'Salariéë gemaach ginn. Beispillsweis wier sech d'Fro net gestallt ginn, wéi d'Leit op hir Aarbecht an och nees heem solle kommen, wann den ëffentlechen Transport zu deenen Auerzäiten net existéiert, esou den André Marques. 

"Wat sinn d'Konsequenze fir de Gardiennage, fir d'Botzpersonal, fir d'Kannerbetreiung?" 

Wann déi Lénk dozou géife kritesch Froen un d'Regierung stellen, da géifen déi dacks onbeäntwert bleiwen. 

"Haaptsaach mir drécken déi komplex Dossieren einfach esou schnell wéi méiglech duerch an da muss sech kee méi eng Suerg maachen."

Och an aneren Dossieren, wéi der Pensiounsreform oder beim Sozialdialog, hätt d'Regierung sech net gutt presentéiert.

"Ee System ouni Perspektiven"

D'CSV-DP-Politik géif de Leit zu Lëtzebuerg d'Liewen ëmmer méi schwéier maachen. Dat, duerch e System ouni bezuelbare Wunnraum, ouni sécher a gutt bezuelten Aarbechtsplazen, déi d'Liewenskäschten droe kéinten. 

"Ee System ouni Perspektiven. Ee System, deen u sech komplett futti ass." 

Ganz ouni Hoffnung ass den André Marques awer net. 

"Mir ginn al Dag méi. Mir kréien nei Membere bäi, déi genee esou wéi mir un e bessert a méi solidarescht Lëtzebuerg gleewen. Mir kréie ganz vill Jonker bäi, déi an eiser Partei eng Hoffnung gesi fir e bessert Liewen."

Fir d’parlamentaresch Rentrée am September wäert et bei déi Lénk zum geplangte Wiessel um Krautmaart kommen. Da réckelen d’Ana Correia an de Gary Diderich fir de Marc Baum an den David Wagner an d’Chamber.

play_arrow Lauschteren