Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Mëttesrascht  |  Katie Von Schleicher - Wheel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi 95. Editioun vun der Braderie geet d'nächst Woch un

Stad Lëtzebuerg

Déi 95. Editioun vun der Braderie geet d'nächst Woch un

Den nächste Méinden ass déi 95. Editioun vun der traditioneller Stater Braderie. Dëst Joer maachen eng 200 Geschäfter um Stater Stroosseverkaf mat. Dorënner 150 aus der Uewerstad an 52 aus dem Garer Quartier.

auto_stories

1 min

PK Braderie Stad Lëtzebuerg | © Marlène Clement
Foto: Marlène Clement

D'Zuel u Geschäfter déi mat hire Stänn participéieren, wier iwwer déi lescht Jore stabel bliwwen, seet d’Direktesch vun der Union commerciale vun der Stad Lëtzebuerg, Anne Darin. Dat, obwuel et wärend der Pandemie eng Perte gouf, well Geschäfter zougemaach haten.

Elo klammen d'Zuele vu Participanten nees, och well aner Secteuren ëmmer méi matmaachen.

"Par exemple, on a eu des stands pour l'énergie photovoltaïque. C'est un peu un trend. Et ils se disent, pourquoi pas profiter de la braderie."

D’Stater Braderie ass offiziell de Méinden. D’Geschäftsleit kënnen awer schonns de Weekend hir Wuer zu Braderies-Präisser ubidden. Och e Sonnde sinn deemno eng Partie Geschäfter an der Stad an am Garer Quartier op. 

live

Live