Bis spéitstens 2035 sollen d’Depensë fir d’Defense a fir d’Sécherheet dann op fënnef Prozent klammen.
Dat war um NATO-Sommet Enn Juni dëst Joer zu Den Haag ofgemaach ginn. Déi 32 Member-Staaten haten do decidéiert, datt d’Verteidegungsausgabe schrëttweis op 3,5 vum PIB solle klammen.
Fir Lëtzebuerg gëllt weider den RNB
Zousätzlech solle pro Joer 1,5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung an aner verteidegungs- a sécherheetsrelevant Beräicher fléissen. Fir Lëtzebuerg gëllt och an Zukunft den RNB (Revenu National Brut) als Basis fir d’Rechnung.
Beim Depot vum Budgetsprojet den 8. Oktober hat de Finanzminister Gilles Roth (CSV) an der Chamber ugekënnegt
“Mir respektéieren dofir eis Engagementer an der NATO. Solidaritéit mat eisen Alliéierten ass eis Flicht. Eise Verdeidegungseffort geet 2026 op zwee Prozent vum nationale Räichtum erop. Fënnef Prozent bis 2035. Fir 2026 - Stand haut - Ausgabe vun 1,3 Milliarden Euro.”
Fridden hale géif kaschten
Schonn am Virfeld vum NATO-Sommet zu Den Haag hat de Premier Luc Frieden (CSV) am Mee dëst Joer däitlech gemaach, datt Lëtzebuerg als räicht Land méi fir d’Verteidegung wäert ausginn, dat och fir ee "gréissere Reputatiounschued" ze evitéieren. Den Obligatiounen net nozekommen, wier keng Alternativ gewiescht.
“Ech mengen dat wier een enorme Schued fir Lëtzebuerg an ech weess och net, wéi d’Amerikaner géingen dorop reagéieren. Et ass also een Drock vun der NATO-Gemeinschaft op eis, deen eis zu deem Resultat och geféiert huet.”
Et géif eppes kaschte fir de Fridden ze erhalen, esou am Juli dëst Joer am 100,7-Interview den Arméischef Steve Thull. A fir dee Fridde bräicht een eng Arméi déi capabel wier, alle méiglechen Attacke Stand ze halen.
“Ob se elo kommen oder net, ass manner d’Fro. Mee et muss een deenen, déi dat am Kapp hunn, eis eventuell eng Kéier ze attackéieren, konkreet weisen, determinéiert weisen, datt wann et esou wäit kënnt, datt dee schlecht Kaarten huet. An dann evitéiere mir, datt et iwwerhaapt esou wäit kënnt.”
Fir d’Privatleit um méi héijen Effort de défense ze bedeelegen, soll Ufank vum neie Joer hei am Land een Defense Bond lancéiert ginn: eng staatlech Obligatioun vun 150 Milliounen Euro mat enger Lafzäit vun dräi Joer.