D‘Police scientifique hätt all d‘Päck, déi an den 3 Zylinder vun der Baumaschinn verstoppt waren, erausgeholl kritt. Se waren al unenee gepecht. D‘Valeur vum Kokain géif op tëscht 80 an 160 Milliounen Euro geschat ginn, esou nach de Parquet. D‘Drog gëtt esou séier wéi et geet zerstéiert. Zwou Persoune sëtzen an Untersuchungshaft. D‘Enquête leeft.
arrow_back_ios
article
article
/ Decouverte vu Kokain: 889 Kilo am Wäert tëschent 80 an 160 Milliounen Euro
Parquet deelt mat
Decouverte vu Kokain: 889 Kilo am Wäert tëschent 80 an 160 Milliounen Euro
Et gëtt nei Informatiounen iwwer déi grouss Decouverte vu Kokain d‘lescht Woch am Norde vum Land. D‘Gesamtgewiicht géif bei e bësse méi wéi 889 Kilo leien, esou de Parquet an engem Communiqué.
auto_stories
1 min
![Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt | © Police Luxembourg Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt | © Police Luxembourg](/1_Foto/2025/257993/image-thumb__257993__base_thumbnail/2025-02-12-Kokain%20Police%20Parquet.9f8d3a88.jpg)
Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt (Foto: Police Luxembourg)