Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Let In Outside

play_arrow Live
search

/ "Déck Limousinne mat belsche Placken": Keng präzis a konkret Fakten, déi dës Ausso beleeën

Heescheverbuet

"Déck Limousinne mat belsche Placken": Keng präzis a konkret Fakten, déi dës Ausso beleeën

Wéi eng Preuvë ginn et, datt an der Stad déck Limousinne mat belsche Placke géife Leit erausloossen, fir heeschen ze goen? Dat huet den LSAP-Deputéierte Georges Engel an enger parlamentarescher Fro un den CSV-Inneminister Léon Glode gestallt. Hien hat dës Ausso Mëtt Dezember gemaach.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Am Kontext vum Heescheverbuet hat den Inneminister Léon Gloden Mëtt Dezember hei op der Antenn erkläert, et géif Beweiser ginn, datt an der Stad Leit aus décken däitsche Limousinne mat belsche Placke géifen erausgelooss ginn, fir heeschen ze goen. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel wollt doropshin an enger parlamentarescher Fro vum Minister wëssen, wat dat fir Preuvë wieren.

Keng präzis a konkret Fakten

De Léon Gloden äntwert haut, hien hätt Kenntnis dovun, datt sech eng ganzt Rëtsch Bierger, Geschäftsleit a Passanten op der Gemeng iwwert déi aggressiv Mendicitéit beschwéiert hätten. Et géif awer keng präzis a konkret Fakten iwwert d‘Transportmëttel vun den Heescherten.

Juristesch Poursuitten hätt et dowéinst bis ewell keng ginn. An de Joren 2020 bis 2022 hätt d‘Police eng gréisser Enquête an deem Kontext gefouert, ouni datt se hätt kënnen d‘Hannermänner identifizéieren, sou nach de Minister. Hei hätten sech d‘Limitte vun den Enquête-Méiglechkeeten an dësem Ëmfeld gewisen.