Et wier wichteg, d’Leit ze stäerken, de Sozialstaat, d’Wirtschaft, grad wéi d’Aarbechtsrecht an ënner anerem de Sozialdialog, huet de Marc Spautz erkläert.
Fir wichteg Decisiounen ze huele géif et keen Tempolimitt ginn, esou de Fraktiounschef, deen och op d’Aktualitéit am Ausland reagéiert huet.
"Wat gëschter an Holland geschitt ass, soll eis alleguerten ze denke ginn. Dee Ruck, deen do geschitt ass, soll eis ze denke ginn. An dofir ass et och wichteg, datt mer d’Leit alleguerte mat huelen, datt mer hei zu Lëtzebuerg keng esou Zoustänn kréien."
Néideg wier dem Marc Spautz no zum Beispill den Aktiounsplang géint d’Aarmut, wéi déi nei Regierung hei am Land en ugekënnegt huet.
Verantwortung vun de Banken
Am Kontext vun de Krisen am Logement, an der Zënsentwécklung huet den neien CSV-Fraktiounschef och un déi sozial Verantwortung vun de Banken thematiséiert.
"Wéi deemools d’Decisioun gefall ass fir si ze retten, da solle se och elo de Leit hëllefen, dass d’Leit kënne gerett ginn. Och do muss eppes geschéien."
Keng Kierzungen an de Sozialleeschtungen
Och den DP-Fraktiounschef huet den annoncéierte Kampf géint d’Aarmut begréisst. De Gilles Baum huet ënnerstrach, datt keng Sozialleeschtunge wäerte gekierzt oder gestrach ginn.
"Et gouf der neier Regierung eng Austeritéitspolitik virgeworf. Ech wëllt et hei kloer an däitlech soen, datt mat der DP esou eng Politik net wäert gemaach ginn."
Am Regierungsprogramm géif richteg vill DP stiechen, esou nach de Gilles Baum: dowéinst géif seng Fraktioun der Regierung d’Vertrauen ausschwätzen.
D’Fraktiounscheffe vun de Majoritéitsfraktioune waren déi éischt, déi de Moien an der Chamber op d’Regierungsdeklaratioun vum Luc Frieden reagéiert hunn.