search

/ De katalanesche Politiker Carles Puigdemont behält seng Immunitéit

EUGH

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De katalanesche Politiker Carles Puigdemont behält seng Immunitéit

D‘Europaparlament hat 2021d'Immunutéit vun ënner anerem dem katalanesche Politiker Carles Puigdemont opgehuewen. An an zweeter Instanz huet den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg déi Decisioun annuléiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Carles Puigdemont | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Carles Puigdemont (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Zesumme mat zwee anere katalanesche Politiker hat de fréiere President vun der autonomer Regierung vu Katalounien déi Immunitéit véier Joer nom Onofhängegkeetsreferendum vun 2017 opgehuewe kritt.

Nom Referendum vun Oktober 2017 haten d’spuenesch Justiz an d’rietspopulistesch VOX-Partei eng strofrechtlech Prozedur géint ënner anerem de Carles Puigdemont an d‘katalanesch Regierungsmemberen Antoni Comín a Clara Ponsatí lancéiert. Am Mäerz 2018 hat d’iewescht Geriicht vu Spuenien déi dräi beschëllegt, wéinst Rebellioun a Verontreie vun ëffentleche Suen.

Mandat-d'arrête géint déi dräi Politiker

Well déi dräi Politiker Spuenien awer an der Tëschenzäit verlooss haten, gouf déi Prozedur op Äis geluecht, bis si erëmfonnt wären. D’iewescht spuenescht Geriicht hat doropshi Mandat-d’arrête géint si ausgestallt, fir datt si de Prozess kéinte gemaach kréien.

Bei den Europawalen 2019 waren de Carles Puigdemont, den Antoni Comín an d’Clara Ponsatí an d’EU-Parlament gewielt ginn. Doropshin hat d’iewescht spuenescht Geriicht d’Europaparlament gefrot, fir d’parlamentaresch Immunitéit vun deenen dräi opzehiewen. D’EU-Parlament hat dat am Mäerz 2021 gemaach. D’katalanesch Politiker haten déi éischt Instanz vum Europäesche Geriichtshaff du gebieden, déi Decisiounen ze annuléieren.

Recours gouf als éischt zeréckgewisen

Am Juli 2023 hat den Tribunal um Kierchbierg dee Recours awer zeréckgewisen, wouropshin déi dräi d’Cour saiséiert haten. Déi huet haut also d’Urteel vum Tribunal an d’Decisioune vum Europaparlament annuléiert. Fir déi zweet Riichter wier d’Onparteilechkeet vum Rapporteur a Fro gestallt, deen d’Demande fir d’Ophiewe vun der Immunitéit an d’Weeër geleet hat.

Deen huet zur Parteiefamill gehéiert, an där d’VOX Member ass. Donieft hätt dës Persoun am Mäerz 2019 un engem Evenement deelgeholl zum Thema “Katalonien ass Spuenien”. Aus Parteileschkeetsgrënn annuléiert d’Cour dofir d’Decisioune vum EU-Parlament.

play_arrow Lauschteren