Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wladimir Putin: De Westen hannergeet Russland

Ried un d'Natioun

Wladimir Putin: De Westen hannergeet Russland

A senger Ried zur Lag vun der Natioun war keng Plaz fir frëndlech Téin: De russesche President Wladimir Putin huet säin Ugrëffskrich géint d’Ukrain justifiéiert an de Weste gewarnt, Buedemtruppen ze schécken. Un déi russesch Bierger geriicht waren et virun allem Walkampfverspriechen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An zwou Woche sinn a Russland Presidentschaftswalen, de Wladimir Putin huet d’Geleeënheet genotzt fir nach eemol zolidd Stëmmung géint de Westen ze maachen. Déi militäresch Spezialoperatioun wéi se nach ëmmer offiziell genannt gëtt, géif vum ganze russesche Vollek matgedroe ginn, sou de Putin, ouni dat awer kënnen ze beleeën. Och Kritik um Ugrëffskrich war an der Ried keen Theema. Dem Westen huet de Putin dogéint virgeworf Russland ze hannergoen.

„Datt se also wierklech mat eis iwwer strategesch Stabilitéit wëlle schwätzen, wärend se an engems probéieren eis eng strategesch Néierlag um Schluechtfeld ze verpassen, wéi se soen, dat ass e gutt Beispill fir déi ganz Hypokrisie.“

Rechtfäerdegungen an Droungen

Wéi schonn an den achzeger Jore géif de Westen op en Neits probéiere Russland dout ze rëschten. Schweden a Finnland wieren an d’NATO gezu ginn, fir den Drock op Russland ze verstäerken. D’Land misst dorop mat verstäerkter Waffeproduktioun an engem strategeschen Truppenausbau Richtung Weste reagéieren. De russesche President huet och op en Neits oppe mat Atomwaffe gedreet.

„Wat d’ganz Welt fäert ass, datt all dëst e globale Konflikt mat Nuklearwaffe kéint provozéieren, wat bedeit, datt d’Aktioune vun den USA an hire Partner dozou bäidroen, fir den europäesche Sécherheetssystem ofzebauen. Dat zitt Risike fir jidderee no sech.“

Konkret huet de Putin awer och erkläert, datt Behaaptungen, Russland géif de Westen ugräifen, Blödsinn wieren. Un d’USA war et d’Offer vun engem Dialog iwwer déi global strategesch Sécherheet. Et wier ee bereet fir Gespréicher wann d’USA op eng strategesch Néierlag vu Russland géife verzichten.

Lauschterenplay_arrow