arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Premier huet en Duerstellungsproblem", seet den CSV-Deputéierte Michel Wolter

Politik

|
reading time

5 min

headphones

17 min

play_arrow

"De Premier huet en Duerstellungsproblem", seet den CSV-Deputéierte Michel Wolter

Als CSV-Politiker loossen een déi schlecht Sondage-Wäerter vun der Partei sécherlech net ganz kal, och wann déi meescht soen, datt e Sondage just eng Momentopnam ass. Esou och de Michel Wolter, deen awer och kloer d'Problemer vun der CSV uschwätzt.

reading time

5 min

headphones

17 min

play_arrow
Michel Wolter (CSV)  | © 100,7
Michel Wolter (CSV) (Foto: 100,7)

“Sondagë sinn en Tëschebilan, deen ee seriö huele muss. Méi awer och net”, seet den CSV-Deputéierte Michel Wolter am 100,7-Interview. Den Ex-Buergermeeschter vu Käerjeng mengt awer, datt dës Wäerter d’Partei zu engem Ëmdenke brénge mussen. Net awer onbedéngt, wat d’Politik u sech ugeet.

CSV kritt seng Politik net verkaf

Der leschter Sonndesfro no verléiert d’CSV 6 Sëtz an der Chamber. Fir de Michel Wolter ass de Constat kloer:

“D’Partei bréngt et net fäerdeg, d’Politik, déi se mécht, bei de Leit verständlech ze maachen, an datt d’Leit verstinn, a wéi eng Richtung et geet.”

D’DP leet e puer Prozentpunkte bäi. De Problem schéngt also wierklech bei der CSV an net bei der Regierung am Allgemengen ze leien.

Strukturell Problemer an der Partei?

De Michel Wolter weist och mam Fanger op d’Organisatioun vun der CSV.

“Mir hunn e Staatsminister, dee Parteipresident ass. Da verléiere mir als CSV eng Stëmm. Ech hunn et am Virfeld vum Kongress scho gesot: Wann de Premier schlecht Wäerter kritt, kritt och d’CSV schlecht Wäerter.”

Eng DP wier anescht opgestallt. Do ass d’Carole Hartmann als Presidentin zwar an der Chamber, net awer an der Regierung. An enger Regierung kéinten och net ëmmer all Entscheedungen op Parteilinn getraff ginn, seet de Michel Wolter.

“Et muss een heiansdo eng aner Stëmm an d’Diskussioun erabréngen.”

"Mesurë kommen am Portmonni un, mee net am Kapp"

Och géing eng CSV den Eescht vun der Situatioun net richteg eriwwerbréngen, mengt de fréiere Minister. D’Kompetitivitéit vun der Wirtschaft wier "schrecklech", esou de Michel Wolter. Dobäi kéim, datt een d’Impressioun hätt, datt d’Tripartite net gewollt, mee erzwonge wier.

“80 Prozent vun de Leit wëllen eng Tripartite, mee keng 5 Prozent wëssen, wéi do diskutéiert gëtt.”

Och wier d’Kafkraaft nach ni esou héich wéi elo. Dat géing weisen, datt d’Géigesteierungsmesurë vun der Regierung an de leschten 3 Joer, fir de Verloscht vun der Kafkraaft ze kompenséieren, am Portmonni ukéimen, mee net am Kapp vun de Leit. “Et gi Mesurë geholl, mee net gutt genuch erkläert”, seet de Michel Wolter.

"De Luc Frieden kann en exzellente Politiker sinn, mee ..."

De Premier Luc Frieden misst säin Optrieden och iwwerdenken, mengt de CSV-Deputéierten.

“De Premier huet en Duerstellungsproblem, dee spillt sech op eis Partei eriwwer. Déi Ëmfrowäerter musse fir hien an d’Leit mat vill Responsabilitéit an der Partei en Ëmdenke provozéieren.”

Bis elo hätt ee parteiintern ëmmer gesot, de Problem wier konjunkturell an net strukturell. “Mir erkréien eis schonn, gouf da gesot.” Elo misst een agesinn, datt "eng Rei Mechanismen an der Partei” geännert misste ginn, esou de Michel Wolter.

D’Fro vum Spëtzekandidat fir déi nächst Wale géing sech awer nach net stellen. Duerch eng gelongen Tripartite kéint et och nees séier aneschters ausgesinn, mengt de Michel Wolter, deen dem Premier zoutraut, d’Rudder nees erëmzerappen.

“De Luc Frieden kann en exzellente Politiker sinn, mee hie muss déi Politik, déi hie mécht, aneschters a besser verkafen, wéi bis elo.”

Generatiounswiessel an der Käerjenger Gemeng

Perséinlech gesinn ass fir de Michel Wolter viru Kuerzem seng Zäit als Buergermeeschter vu Käerjeng no 16 Joer op en Enn gaangen. Et wier de richtege Moment gewiescht, fir dëse Renouveau ze lancéieren, erkläert hien.

De Programm, deen hie sech beim Amtsuntrëtt ginn hat, wier ofgeschloss, oder zumindest um gudde Wee dohinner. Et hätt een eng jonk Ekipp opgebaut an déi kéint een elo "lafe loossen".

“Mir hunn dee Generatiounswandel preparéiert an d’Leit hunn deen honoréiert doduerch, datt si gewielt gi sinn. Si sollen déi Politik elo virféieren an nei Akzenter bäifügen.”

D’Decisioun vum Récktrëtt hätt hien no de Wale geholl, betount de Michel Wolter.

Datt Nofollgerin seng Fra ass "interesséiert kee Mënsch"

Nofollgerin um Poste fir de Buergermeeschter ass d’Nadine Braconnier, dem Michel Wolter seng Fra. Si war bei de leschte Wale Véiertgewielt. Den Zweetgewielten hätt sech och fir e Renouveau ausgeschwat an den Drëttgewielten hat säi Mandat net ugeholl.

Op d’Fro hin, ob hie säi Récktrëtt och annoncéiert hätt, wann et net seng Fra wier, déi Nofollgerin gëtt, mee een aneren, reagéiert de Michel Wolter um 100,7-Mikro gereizt.

“Hätte hätte Fahrradkette. (...) Dat interesséiert kee Mënsch.”

D’Nadine Braconnier kéim an der Gemeng "exzellent un", an dat wier alles, wat zielt, seet hire Mann.

Eng Gemeng, déi een net méi erëmerkennt

Am Réckbléck hätt sech d’Gemeng Käerjeng vill weiderentwéckelt. De Michel Wolter betount, datt hie vu senger Erfarung als Landesplanungsminister profitéiere konnt, fir no an no Projeten an der Gemeng op d’Féiss ze setzen. Et wier elo net méi just eng Gemeng, wou een duerchfiert, mee wou d’Leit gäre wunnen.

“D’Leit op der Strooss soe mir, datt een d’Gemeng net méi géing erëmerkennen. Dorop sinn ech houfreg.”

Hie wier och frou, datt hien déi Kompetenzen, déi hien als Minister geléiert huet, op seng Gemeng konnt ëmsetzen an esou beweise konnt, datt “landesplaneresch Konzepter kënnen opgoen.”

Regret Contournement?

Den eenzege Regret wier eventuell den Dossier Contournement, deen nach ëmmer net gebaut ass. Virun dräi Woche wier eng Reunioun gewiescht, wou nees gesot ginn ass, datt Enn dës Joers de Chantier kéint lassgoen.

Et wier mëttlerweil och net just ee Contournement, ënnersträicht de Michel Wolter, mee eng Verbindungsstrooss fir de ganze Südweste vum Land.

“Déi véier Kordall-Gemenge si sech eens iwwer ee Konzept. Dat war net ëmmer de Fall.”

Säi Mandat an der Chamber mécht hien iwwerdeems fäerdeg. Ob hie mat an déi nächst Chamberwale geet, decidéiert hie le temps venu, jee no sengem gesondheetlechen Zoustand an der landespolitescher Situatioun.

play_arrow Lauschteren