Ech hat et de Freideg scho gesot: De Wettbewerb war dëst Joer qualitativ éischter gutt, mee et gouf, ofgesi vu Blue Moon, vun deem et aus diverse Grënn kloer war, datt en net grouss kéint gewannen, kee wierkleche Favorit.
Et war statistesch natierlech virauszegesinn, datt Lëtzebuerg bal net kéint eidel ausgoen, mat 4 Koproduktiounen an enger Competitioun, déi 19 Filmer hat an enger Jury, vun där ee gewinnt ass, datt se hir aacht Präisser meeschtens och op 8 Filmer verdeelen.
Nawell ass et schéin ze héieren, datt de Radu Jude fir "Kontinental 25" de sëlwere Bier fir dat bescht Dréibuch krut. Dat, obwuel hie selwer sot, hie wier éischter ee katastrophalen Dréibuchauteur – wat net stëmmt – a "Blue Moon" ganz objektiv gesi besser geschriwwen ass.
Evident a vertriedbar Choixen
"Blue Moon" krut dann den Trouschtpräis fir déi bescht Nieweroll fir den Andrew Scott, wat nees absurd ass, well hei ganz kloer den Ethan Hawke hätt missten de Präis fir déi bescht Haaptroll kréien. Hien, oder den Andranic Manet an der Léonor Serraille hirem "Ari" – oder eben d’Rose Byrne an der Mary Bronstein hirem "If I Had Legs I’d Kick You", wat de Präis fir déi beschte schauspilleresch Leeschtung dunn och krut fir hir Roll als wansinneg iwwerfuerdert Mamm vun engem kranke Meedchen.
De Präis fir déi bescht Regie geet un dem Chines Huo Ming säi "Living the Land" – ee Choix, deen duerchaus ze vertrieden ass. Manner verstinn ech de Präis fir eng aussergewéinlech kënschtleresch Leeschtung un der Lucile Hadzihalilovic hire relativ langweilege "La tour de glace", an dee mam Präis vun der Jury ausgezeechenten "The Message" iwwer eng Scharlatan-Famill, an där d’Meedche fir vill Goss a Kontakt mat der Séil vun de Leit hiren Hausdéieren trëtt. Am Film geschitt net vill, an och wann en eng gewësse Poesie huet, war dat fir mech elo kee Favorit an der Selektioun. Hei hat de Realisateur Ivan Fund wuel einfach... Fund. Pardon.
Zimmlech evident war, datt dem Gabriel Mascaro säin "Blue Trail" ee Präis misst kréien. De Grand Prix du Jury ass hei ee logesche Choix, fir déi brasilianesch Dystopie.
Ass nach Plaz fir Fiktiounen?
Fir de Gëllene Bier hate vill Kritiker op "Timestamp" gewett. Et wier natierlech erfreelech gewiescht, wann no 2021 mat "Good Luck Banging or Loony Porn" eng weider Lëtzebuerger Koproduktioun mam Gëllene Bier heemgaange wier, an et wier och legitim gewiescht, dee politeschste Film am Wettbewerb auszezeechnen, mee et hätt ausgesot, datt op der Berlinale keng Plaz méi fir Fiktioun gewiescht wier, waren dach schonn déi zwee Jore virdrun déi jeeweils eenzeg Documentaire mam Bier ausgezeechent ginn.
Dat huet sech och de Jury ronderëm den Todd Haynes geduecht an dofir iwwerraschent den norwegeschen "Dreams (Sex Love)" vum Dag Johan Haugerud fir de Gëllene Bier gewielt huet, ee Film iwwer ee 17-järegt Meedchen, dat sech a seng Franséischproff verléift an iwwer seng geheim Leidenschaft eng Autofiktioun schreift. Een interessante Bäitrag iwwer d’Muecht vun der Literatur, deen awer um Schluss e bësse previsibel ass.
Keng Chance fir francophone Filmer
Datt quasi kee Mënsch op dee Film gewett hätt, seet eppes: Et ass zwar definitiv ee gudde Film, mee fir mech kee Gëllene Bier Material. Mee och dat gehéiert zur Berlinale Traditioun, datt den Haaptgewënn quasi ni un de beschte Film geet, genee wéi et bal schonn Traditioun huet, datt déi franséischsproocheg Produktioune bal ëmmer eidel ausginn. Et ass also an deem Sënn kee Wonner, datt déi francophone Lëtzebuerger Koproduktioune "Reflet dans un Diamant mort" an "La cache" näischt kruten.