search

/ De Lëtzebuerger Musekspräis gëtt dëst Joer och fir "Beschte/n Komponist/in" verginn

Musek

|
reading time

2 min

De Lëtzebuerger Musekspräis gëtt dëst Joer och fir "Beschte/n Komponist/in" verginn

Am Ganzen aacht Kategorië gëtt et am Lëtzebuerger Musekspräis 2026. Et ass déi drëtte Kéier, datt de Kulturministère dëse Präis vergëtt. Nei ass dëst Joer, datt et och ee Präis fir déi beschte Komponistin oder de beschte Komponist gëtt.

reading time

2 min

© Unsplash
(Foto: Unsplash)

Den Nationale Musekspräis ass deen eenzegen, dee mat 10.000 Euro Gewënn dotéiert ass. Dee gëtt et fir een Artist oder eng Artistin, déi fir hier gesamt Karriär, hiert Wierk an hiren Engagement an der Lëtzebuerger Musek ausgezeechent gëtt.

Fir kënnen de Lëtzebuerger Musekspräis ze wannen, muss de Kënschtler oder d'Kënschtlerin déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, zu Lëtzebuerg liewen oder een enke Lien mam Land opweisen. 

Nominatiounen

Fir d'Leit op der Bün ginn et dräi verschidde Präisser. Et si jeeweils fënnef Leit nominéiert. 

Klassesch oder zäitgenëssesch Musek: 

  • Cathy Krier 

  • Jean Muller 

  • Stephany Ortega 

  • Pascal Schumacher 

  • United Instruments of Lucilin 

Blues, Jazz oder Musek aus aller Welt: 

  • Daniel Migliosi (Quartet) 

  • Dock in Absolute 

  • Jambal 

  • Reis Demuth Wiltgen 

  • Veda Bartringer (Quartet) 

Verstäerkte Musek: 

  • Chris Maas

  • Francis of Delirium 

  • Maz Univerze 

  • Nosi 

  • Tuys 

Hanner der Bün: 

  • Beast - Elvis Duarte

  • Tun Biver 

  • Tom Gatti 

  • Konektis Entertainment - David Galassi 

  • Charel Stoltz 

Beschte Komponist / Bescht Komponistin: 

  • Ivan Boumans 

  • Catherine Kontz 

  • Marco Pütz 

  • Georges Sadeler 

  • Tun Tonnar (Turnup Tun) 

Nowuesstalent: 

  • Matis Griso 

  • Jambal 

  • Eva Marija 

  • Ninon 

  • Waffle Killers 

Fräizäitmusek: 

  • Fanfare Municipale Bonnevoire 

  • Hunneg-Strëpp 

  • Kollibri ASBL / Koll an Aktioun 

  • Nordvox 

  • Orchestre Place de l'Europe 

Den 9. Dezember um 19:30 Auer an der Rockhal zu Esch wäerten d'Präisser iwwerreecht ginn.