search

/ De La Soul - "Cabin In The Sky"

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

De La Soul - "Cabin In The Sky"

Den neien De la Soul Album ass aus engem traurege Fait eraus entstanen. Ee vun de Memberen, den Trugoy the Dove, ass 2023 leider verstuerwen. Mee déi aner zwee Membere vum Grupp hunn et fäerdeg bruecht, mat lauter anere groussen Hip-Hop-Nimm en Album ze maachen, deen net an der Trauer hänke bleift.

headphones

3 min

Den Dave war en essentielle Member vun De La Soul wann et ëm de Rap, mee och d’Produktioun gaangen ass, a seng Influenzen héiert ee vun der Intro bis an de leschten Track: Op et eng al Opnam vun him ass an een wierklech seng Stëmm héiert, oder thematesch iwwer hien oder einfach den Doud geschwat gëtt.

Dem Dave säin Afloss an dat Lach, wat hien hannerléisst, spiert een och als eng Persoun, déi den Album lauschtert, an awer ass et keen trauregen Album. Dat trauregt Gefill ass mat extrem vill Léift verpaakt an dem Dave gëtt e wierklech schéint Vermiechtnes op dësem Album hannerlooss.

Ee Konzeptalbum 

Et handelt sech eleng wéinst dem Theema ëm e Konzeptalbum, well all Track - an domat och all Feature - sech mam Dave, oder den Theemen Doud, Resilienz oder och nach Reflexioun beschäftegt.

Niewent dem thematesche roude Fuedem hu mir och (ganz typesch fir klasseschen Hip-Hop) een Erzieler um Album. Niewent der Intro kënnt hanner quasi all drëtte Song den Giancarlo Esposito, dee ganz theatralesch eng weider Informatioun gëtt, oder och eis als Nolauschterer an Nolauschterinnen duerch den Album leet.

D’Produktioun ass wéi gewinnt staark, mat gudde Samples a Beats, déi genau bei den De La Soul Sound passen. Do hunn och grouss Nimm hir Hänn mat am Spill, wéi zum Beispill den DJ Premier, an aner grouss Nimm ginn och mol hir Stëmm, wéi zum Beispill den Nas oder Killer Mike.

Den Album kléngt awer net verstëbst: De La Soul benotzt hir Stäerkten, wéi si dat och schonn an der Vergaangenheet gemaach hunn, mee verschaffen aner Theemen, wéi ee soss vun hinne gewinnt ass.

"Cabin in the Sky"

Och den Titel vum Album passt an d’Konzept. Net nëmme kann een hei vun enger Referenz mam Himmel oder dem Liewen duerno zeien: Et gëtt och e Musical mam selwechten Titel aus dem Joer 1940.

Hei geet et ëm e Glécksspiller, deen onerwaart stierft, an dann d’Chance kritt, zeréck op d’Äerd ze goen a seng Feeler ze begläichen. Och wann den Dave hei natierlech net wierklech zeréck kënnt, mécht den Album hei awer eppes Änleches.

Fir Laangzäit-Fans ass den Album eng Release, op déi ee gewaart huet, wou ee mam Grupp an alen aneren Hip-Hop-Fans un den Dave denkt, ouni an der Vergaangenheet hänken ze bleiwen.

De Sound bleift De La Soul trei, mee kuckt och no fir an adaptéiert sech kreativ un d’Zäite vun haut. Trotz dësem risege Verloscht kann De La Soul en Album produzéieren, dee relevant ass an sech lieweg ufillt.