Radioen

On air

Notturno  |  Meg Baird - Will You Follow Me Home?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kulturminister rassuréiert déi Kulturschafend

Eischt Entrevue

De Kulturminister rassuréiert déi Kulturschafend

De neie Kulturminister Eric Thill dës Woch eng éischt Entrevue mat Kulturschaafenden aus sämtleche Beräicher. Vetrieder aus de verschiddene Kultur-Associatiounen a Federatiounen, déi ënner dem Dachverband ULASC regroupéiert sinn, kruten do eng éischt Geleeënheet, mam neie Kulturminister iwwert hir Doleancen ze schwätzen a vun him rassuréiert ze ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Kulturministère play_arrow
Foto: Kulturministère

D’Nomminatioun vum DP Politiker Eric Thill, fréiere Buergermeeschter vu Schieren, als neie Kulturminister war eng Iwwerraschung. An am Kultursecteur ass d’Fro opkomm, a wéi wäit déi gutt Zesummenaarbecht mat där viregter grénger Kulturministerin Sam Tanson an de nächste fënnef Joer wäert viru goen:

„Jo, déi lescht 5 Joer mam Kulturministère war eng ganz gutt Zesummenaarbecht“, seet de Yasin Özen, Koordindateur vun der ULASC

Mam Eric Thill wier ee „Gesiicht komm, wat vill Leit net bekannt war“, dofir wier et flott gewiescht hie kennen ze léieren a seng Doleancë kënnen ze widderhuelen.

Dorënner, als Haaptprioritéit, d’Professionaliséierung vum Konschtsecteur zu Lëtzebuerg, d’Unerkennung vu Kënschtlerinnen a Kënschtler, an eng deementspriechend Remuneratioun.

„… datt een och einfach déi Leit eescht hëlt, déi am Secteur derfir suergen, dass Kultur iwwerhaapt zu stan kënnt. Do ass nach e wäite Wee ze goen, well oft ginn d’Kulturschafend net esou professionell behandelt, wéi se hir Aarbecht maachen.“

Eric Thill: De Kulturentwécklungsplang gëtt weider gefouert

Och de Kulturentwécklungsplang, an och déi nei Charte de déontologie, déi ënnert der viregter Regierung vum Kulturministère ënnerschriwwe gouf, wiere Prioritéiten, sou nach de Yasin Özen. Net onbedéngt rassurant fir de Kultursecteur war an deem Kontext, datt am CSV-DP Koalitiounsakkord steet, de Kulturentwécklungsplang soll „evaluéiert“ ginn.

„Absolut. Dat war eng vun eise wichteg Froen och wéi mer dohinner gaange sinn. Allerdéngs huet de Minister eis verséchert, datt um Kulturentwécklungplang net geréckelt gëtt, an datt den déi nächst 5 Joer wäert weider gefouert ginn. Dat huet ons Bedenken an deem Sënn dann e bësse berouegt.“

D’Vertrieder vum Kultur-Secteur wieren dann och mat engem éischter positive Gefill aus dëser éischter Reunioun mat hirem neie Minister Eric Thill erausgaangen, sou nach de Yasin Özen. Elo misst ee kucken, ob dem Minister seng schéi Wieder och an Doten ëmgesat ginn.

Lauschterenplay_arrow